Dësen Artikel gouf de 6te Januar 2023 am Lëtzebuerger Land publizéiert.
Zanterdeem dës Regierung am Amt ass, gëtt si es net midd all Joer s erëm ze betounen, wéi vill si am Beräich vum Wunnengsbau mécht. Wéi an enger Werbe-Dauerschleef héiert een all Joer erëm, dass am Staatsbudget nach ni sou vill Suen an d’Hand geholl goufen, fir d’staatlech Interventiounen am Wunnengsbau virunzedreiwen.
Obwuel d’Staatsausgabe fir dat nächst Joer erop ginn, gesinn d’Aussiichte guer net gutt aus: déi kumulativ an explosiv Präishaussen um Lëtzebuerger Wunnmarché aus deene leschte Joren zesumme mat der restriktiver monetärer Politik vun der europäescher Zentralbank suergen dofir, dass manner privat Gelder an de Lëtzebuerger Wunnmarché fléissen. Dëst suergt an e puer Méint dofir, dass manner Wunnenge wäerte gebaut ginn, trotz enger permanent wuessender Populatioun !
D’Zuelen zu den Immobiliëprête sinn immens besuergneserreegend : wa mir de Baupräisindex kucken an de Kreditvolume mat deem normaliséieren, dann hu mir e Réckgang u Projete vun 49,48% tëscht dem 4ten Trimester 2020 an dem 3ten Trimester 2022.(Dat ass eng Halbéierung !). Dës Tendenz bestätegt sech mat de normaliséierten Zuele vum LISER, wou och ee Réckgang vun 48,84% z’observéieren ass. Idem fir d’Zuel vun de Baugeneemegungen, déi den Zuele vum STATEC no dëst Joer ëm ronn 30% erof gaange sinn.
All d’Indicateure weisen op eng richteg Kris vum Immobiliësecteur hin. D’Chambre des Métiers schreift an engem rezente Communiqué vu 1500 Wunnunitéiten, déi 2023 net wäerte gebaut ginn, well d’Sue feelen. Och am Bankesektor ass ze héieren, dass dëst Joer manner Immobiliëprêten accordéiert goufen, well d’Leit d’Zënslaascht net méi stemme kënnen. D’lescht Woch konnt een an der Press liesen, dass wann Zënsen em 1% erop ginn, schätzungsweis 8% manner gebaut gëtt.
D’Zuele sinn net z’ignoréieren a mir steieren op eng nei Wunnengskris 2.0. hin, déi am Horror-Szenario zu enger richteger Subprime-Kris kéint auswuessen, wann d’Präisser um Wunnmarché onkontrolléiert fale géifen an d’Leit hiert Haus oder hir Wunneng misste verkafen an awer nach eng Schold hätten.
De Staat kann et sech net erlaben, hei einfach nëmmen nozekucken: d’Regierung muss elo am Wunnsektor asprangen. Jorelaang gouf sech beklot, dass mer am staatleche Wunnengsbau net virukommen (d’SNHBM huet 2021 nëmmen 300 Wunnunitéite konnte bauen, wärend op der Waardelëscht 6500 Persounen op hiren Tour waarden). Jorelaang gouf sech och beklot, dass net méi gebaut ka ginn, well d’Personal am Bausektor net ze fanne wier, obwuel de Bausektor zu Lëtzebuerg proportional zur Gesamtekonomie de Gréissten an Europa ass.
Aus dëse Grënn ass de Moment vum Staat komm, fir eng potenziell Wunnengskris zu enger potenzieller Wunnengs-Opportunitéit ze maachen. D’Bauaarbechter sinn nach am Land a si brauchen elo Aarbecht. De Staat an d’Gemengen hunn selwer genuch Bauland, fir zéngdausende vu Wunnengen ze bauen. Fazit : et ass elo d’Chance fir soziale Wunnraum ze schafen andeems de Staat elo d’Commandë placéiert an dofir suergt, dass méi Sozialwunnenge gebaut ginn.
Domadder wier de Leit, déi elo eng Wunneng brauchen, an och den Handwierker, déi elo op Aarbecht ugewise sinn, gehollef. Gläichzäiteg realiséiere mer esou lokative Wunnraum an ëffentlecher Hand zu abordabele Präisser.