Wou ass d’Ëmsteigeplattform fir Busser zu Moutfort drun?

Published by Marc Goergen on

Den 21te September 2018 hat d’Wort iwwert de Pôle d’Echange zu Moutfort beriicht. De Minister fir Mobilitéit huet deemols gesot:

“Baulich ist die Umsteigeplattform nicht sehr aufwendig. Im günstigsten Fall geht sie schon 2019 in Betrieb, spätestens 2020 mit der kompletten Reform des RGTR-Netzes“. 

Effektiv ass de Pôle d’Echange zu Moutfort beim Fussballsterrain och am de Plan Sectoriel “Transport” opgefouert. Stand haut ass de Pôle d’Echange zu Moutfort awer nach net gebaut.

  1. Wéini wäert de Pôle d’Echange fäerdeg gebaut ginn?
  2. Aus wéi enge Grënn konnt d’Plattform net an deene vum Minister genannten Delaie gebaut ginn?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3268


Marc Goergen

Koordinator Piratepartei

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.