Eis Gesellschaft huet sech an de leschte Joerzéngten däitlech weiderentwéckelt, a mat hir och d’Familljestrukturen an d’Opdeelung vun den elterlechen Aufgaben. D’Roll vun de Pappen an der alldeeglecher Betreiung vun de Kanner ass keng Ausnam méi, mee eng Norm, déi et ze fërdere gëllt. Genee esou si Famillje mat engem elengerzéiende Papp oder gläichgeschlechtlech Koppelen eng Realitéit an eisem Zesummeliewen. Leider spigelen eis ëffentlech Infrastrukturen dës Entwécklung nëmmen äusserst seelen erëm. Dat quasi systematescht Feele vu Wéckeldëscher an den Toilette fir Männer stellt eng konkret Barriär fir eng gläichberechtegt Eltereschaft duer. Et zwéngt Pappen an aner männlech Begleetpersounen an onconfortabel an onwierdeg Situatiounen, sief et, andeems se hiert Kand um Buedem, op enger ëffentlecher Bänk oder zeréck an hirem Auto wéckele mussen. Dës infrastrukturell Lacune verstäerkt de Stereotyp, datt d’Fleeg vu klenge Kanner ausschliisslech an d’Responsabilitéit vun de Frae fale géif. Fir d’Gläichstellung vun de Genren an der Praxis ze garantéieren, ass et absolut noutwenneg, datt eis ëffentlech Plazen un d’Realitéite vun alle Familljen ugepasst ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Verfüügt d’Regierung iwwer Donnéeën oder en Inventaire iwwert d’Zuel vun ëffentleche Gebaier oder ëffentlech zougängleche Plazen (Restauranten, Akafszentren, asw.), déi aktuell mat Wéckeldëscher op de Männertoiletten equipéiert sinn?
Wat sinn déi aktuell legal oder reglementaresch Bestëmmungen, op nationalem oder kommunalem Niveau, déi d’Flicht zur Installatioun vu Wéckeldëscher encadréieren? Gëtt heibäi en Ënnerscheed nom Geschlecht gemaach?
Deelt d’Regierung d’Meenung, datt eng inklusiv Infrastruktur, besonnesch duerch d’Presenz vu Wéckeldëscher, déi fir all Elterendeeler zougänglech sinn, en essenziellt Element ass, fir d’Gläichstellung vun de Genren an d’Wuelbefanne vum Kand ze fërderen?
Gesäit d’Regierung fir, legislativ oder reglementaresch Moossnamen z’ergräifen, fir d’Installatioun vu Wéckeldëscher an de Männertoilette bei Neibauten oder bei gréissere Renovatioune vun ëffentlech zougängleche Plazen obligatoresch ze maachen?
Am Kader vun den Aarbechten um Gesetzesprojet 8480, wier d’Regierung bereet, dës Fuerderung opzegräifen an a Form vun engem Amendement anzebréngen? Wann jo, wéi ee Ministère wier zoustänneg, fir esou eng Initiativ ze leeden a bannent wéi engem Zäitraum kéint dës ëmgesat ginn?
QP Nummer 3012