Mer wollten de Minister Delles froen, wéi vill Suen a Letzshop investéiert goufen a wéi vill d’Säit effektiv generéiert.
Am Folgende fannt dir den Text zu eiser Fro:
Am Kader vum Pakt “PRO Commerce” huet de Wirtschaftsministère am September 2019 als Partner am groupement d’intérêt économique Luxembourg (GIE), zu dem och 16 Gemenge gehéieren, d’Onlineplattform “Lëtzshop” an d’Liewe geruff. No der deemoleger Staatssekretärin vum Wirtschaftsministère, sollt mat der Mesure de nationalen Eenzelhandel gefërdert ginn, andeems Händler bei der digitaler Transitioun ënnerstëtzt ginn. Mat enger Kotisatioun vu 500€ pro Joer kann all Geschäftsfra/-mann Gebrauch vu Letzshop maachen a seng Produlten ouni d’Bezuele vu weidere Kommissiounen online ubidden. No den Informatioune vu Letzshop sinn aktuell 188 Händler ageschriwwen, wat Recettë vu ronn 94.000€ entsprécht. Deem géigeniwwer steet – den Informatioune vu Paperjam vum 30. Mee 2018 no – een Investment vun 1 Millioun € souwéi weider 550.000C€ pro Joer fir Betribskäschten, déi vun de Membere vum GIE Luxembourg gedroe ginn – a soumat eben och vum Staat a vun de Gemengen.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Kann den Här Minister d’Zuele vu Paperjam bestätegen? Wéi eng Betribs – a Finanzéierungskäschte gouf et sait der Grënnung vu Letzshop a wéi héich waren dës Käschten?
- Wéi eng Recetten huet Letzshop säit senger Grënnung Opweises? Wéi héich waren dës Recetten? Wéi vill vun dëse Recetten goufen vu Letzshop selwer generéiert?
- Opgelëscht no Partner vum GIE Luxembourg, wéi vill Sue sinn a Form vu Contributiounen, Investitiounen a Subventiounen an d’Plattform Letzshop investéiert ginn?
- Ass de Minister der Meenung, dass d’Plattform nom aktuelle Finanzéierungsmodell duerch ëffentlech Bäihëllefen eng déloyal Konkurrenz fir aner Betriber, déi Online-Plattformen an Internetsäite gestalten, duerstellt? Falls jo, wéi ass d’Finanzéierung vun der Plattform konform mat den Artikelen 107 bis 109 vum Traité vun der Europäescher Unioun? Falls nee, wél motivéiert de Minister seng Iwwerzeegung, dass et sech hei net em eng Form vun deloyaler Konkurrenz duerch staatlech Bàihëllef handelt?
Député