Erëffnung vun der Wanteraktioun

D’Piraten hunn eng dréngend Fro iwwert de Start vun der dësjäreger Wanteraktioun gestallt:

Mam Anzuch vum Wanter maachen déi kal Temperaturen de Mënschen an der Obdachlosëgkeet alt nees schwéier ze schafen. Dofir wäert, ënnert anerem, dëst Joer ërem d’Wanteraktioun organiséiert ginn, fir de Persoune wärend de kalen Nuecht ee waarmen Ënnerdaach ze bidden. D’Dieren vun der Wanteraktioun maachen allerdéngs eréischt den 1ten Dezember op. D’Temperaturen ënnerschreiden awer oft scho virdrun de Gefréierpunkt – sou  wéi zum Beispill och an dësem November schonn de Fall war.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ugesiichts vun den aktuellen Temperaturen, wäert d’Wanteraktioun 2019-2020 méi fréi seng Dieren opmaachen?
  2. Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass d’Wanteraktioun d’nächst Joerméi fréi wäert ufänken a méi laang wäert oppe bleiwen? Falls nee, firwat net?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Wanteraktioun och iwwert de Wanter eraus op bleiwe sollt?  

Zesummenhang posts

Déi national an europäesch Gesetzgebung gesäit vir, dass Persounen sech bei enger nationaler Entitéit beschwéiere kënnen, wann hier Rechter am Beräich vun de si
Fir eis Piraten si Biergerbedeelegung a Selbstbestëmmung wichteg. Dofir läit et eis och um Häerzen, dass d’Bierger selwer kënnen decidéieren, wéi a wou si