Verhütungsmëttel ouni Verschreiwung

Zënter dësem Joer kënnen d’Fraen d’Anti-Baby-Pëll gratis an der Apdikt kréien. D’Gratuitéit vun der Pëll kéint dofir suergen, dass méi Fraen op dës Verhütungsmethod zeréckgräifen. 

Wärend d’Notzung vun de Anti-Baby-Pëll, déi vu Millioune Fraen op der Welt all Dag geholl gëtt, hei am Land nach ëmmer verschreiwungsflichteg ass, kritt een d’Pëll fir den Dag duerno ouni Verschreiwung an der Apdikt. Dëst obwuel den Hormongehalt vun där Pëll vill méi héich an de Risiko vun engem Impakt op der Kierper méi grouss ass, wéi bei der normaler Pëll. Dës Weidere mussen d’Fraen extra bei de Gynekolog, fir weider ee regulären Traitement ze huelen, woubäi dës Plagen da fir aner Patientinne verluer ginn, déi eventuell méi dringend ee Rendez-vous bréichten. 

An anere Länner, wéi  zum Beispill Portugal, huet een dofir d’Approche geholl, dass een d’Anti-Baby-Pëll ouni Ordonnance an den Apdikte ka kréien. Duerch déi professionell Berodung vun engem ausgebilten Apdikter bleift soumadder ee Kontrollmechanismus erhalen a gläichzäiteg entlaascht een d’Gynekologen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Verschreiwungen fir d’Anti-Baby-Pëll sinn an deene leschten 3 Jore etabléiert a vun der CNS rembourséiert ginn? 

  2. Wéi vill Mol ass déi sougenannte Pëll duerno, an deene vergangenen 3 Joren, hei am Land verkaft ginn?

  3. An de leschte Joren ass donieft och eng Tendenz entstanen, dass ëmmer méi Fraen sech géint d’Notzung vun der Anti-Baby-Pëll entscheeden, well d’Pëll an de Verruf geroden ass, dass se laangfristëg zu Gesondheetsproblemer géif féieren. Nieft de klassesche Verhütungsmethoden gräifen ëmmer méi Fraen op gratis Apps zeréck, mat deenen den Dag Eesprong geschätzt gëtt an mat där d’Fra hier Verhütung wëll organiséieren (contraception digitale). Dës gratis Apps bauen awer zum Deel op pseudo-wëssenschaftlechen Erkenntnissen op, sinn onpräzis a sammelen d’Donnéeën vun den Notzer*innen fir kommerziell Zwecker of.
    • Wéi ginn d’Fraen hei am Land iwwert d’Risiken vun dësen Apps opgekläert?
    • Wéi eng Beméihungen gi vum Santésministère ënnerholl, fir d’Fraen iwwert d’Sécherheeten an d’Risikien vun der Anti-Baby-Pëll opzeklären?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7559

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren