Unerkennung vun Diplomer

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°4637 iwwert d’Akkreditéierung vun Héichschoulen huet de Minister erkläert:
“”Déi concernéiert Servicer vum Héichschoul- a Fuerschungsministère si beméit, d’Studenten a Studentinnen souwéi och all aner interesséiert Persoune beschtméiglech iwwer déi potentiell Unerkennung (oder Net-Unerkennung) vun engem Studieprogramm, sief dat en nationalen oder een auslanneschen, ze informéieren.
Een Haaptobjektiv besteet doran, déi zukünfteg Studenten a Studentinne schonn am Virfeld dofir ze sensibiliséieren, dass net all postsecondaire Formatioun eligibel ass fir déi staatlech Studiebaihëllefen an dass och net all Diplom, deen um tertiaren Niveau ausgestallt gëtt, kann als akademeschen Titel unerkannt ginn.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Efforte goufen an dësem Zesummenhang säit 2021 gemaach?
  2. Grad fir auslännesch Student(inn)en, deenen déi national Informatiounsservicer net bekannt sinn, ass et oft schwéier, ze erkennen, ob eng Héichschoul, déi hei zu Lëtzebuerg Coursen ubitt, akkreditéiert ass oder net. Wéi probéiert de Ministère ze verhënneren, dass grad Persounen aus Drëttstaaten vun net-akkreditéierten Héichschoulen hei zu Lëtzebuerg getäuscht ginn?
  3. Fir Studien, déi op enger net-akkreditéierter Héichschoul zu Lëtzebuerg gemaach ginn, kann een och keng Studiebäihëllefen kréien. Gi Persounen, déi trotzdeem eng Demande fir eng Studiebäihëllef areechen, beim Refus doriwwer informéiert, dass si net nëmmen net eligibel sinn fir d’Aide, mee et och kéint sinn, dass den Diplom zu Lëtzebuerg guer net unerkannt wäert ginn?
  4. Ass de Minister der Meenung, dass et eng Gesetzesupassung bräicht, déi d’Transparenz erhéije géif, andeems Schoulen, déi hei zu Lëtzebuerg Diplomer ausstellen, déi hei am Land guer net unerkannt ginn, dëst kloer op hirer Websäit a bei der Umeldung kennzeechne missten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7957

Zesummenhang posts

D’ADEM huet a sengen internen Analyse fir d’Joer 2023 festgestallt, dass d’Offer un Aarbechtsplaze bei hinne generell gekuckt ëm méi wéi en Drëttel zeréckgaangen
D’Plurimédia-Studie war an de leschte Jore mat déi eenzeg Referenz wann et ëm Mediefuerschung gaangen ass. Op Nofro vu reporter.lu, gëtt de Staatsministère follgendermoossen