Tunnelspärungen op den Autobunnen

Ëmmer erëm kënnt et zu Tunnelspärungen op eisen Autobunne, déi zu Situatioune gefouert hunn, wou Automobilisten tëscht der leschter Sortie an dem Tunnel blockéiert waren. Dëst war besonnesch problematesch well d’Leit oft Stonnelaang ouni Informatiounen op der Autobunn stoung bloufen, ouni eng Méiglechkeet fir sech ze dréinen oder eng alternativ Route ze huelen.
D’Sécherheet vun eise Bierger ass eng primär Aufgab vum Staat, an dofir ass et wichteg dass mir bei Tunnelspärungen net nëmmen un d’Sécherheet am Tunnel selwer denken, mee och un d’Situatioun vun de Leit, déi virum Tunnel blockéiert sinn. An anere Länner gëtt bei Tunnelspärungen d’Autobunn direkt bei der leschter Sortie gespaart fir esou Situatiounen ze verhënneren. Respektiv et gi séier Moyenen agesat fir d’Leit tëscht dem Tunnel an der leschter Sortie vun der Autobunn erof ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Prozedure ginn et aktuell fir d’Leit ze informéieren, déi bei enger Tunnelspärung tëscht der leschter Sortie an dem Tunnel blockéiert sinn?

  2. Firwat gëtt d’Autobunn bei Tunnelspärunge net systematesch bei der leschter Sortie gespaart, fir ze vermeiden, dass Leit tëscht Sortie an Tunnel blockéiert ginn?

  3. Ginn et Pläng fir d’Kommunikatioun mat de blockéierte Leit ze verbesseren an hinnen alternativ Méiglechkeeten unzebidden?

  4. Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt bis eng Ëmleedung bei enger Tunnelspärung ageriicht ass?

  5. Ginn et Pläng fir d’Prozedure bei Tunnelspärungen ze iwwerschaffen, fir d’Situatioun fir d’Automobilisten ze verbesseren?

  6. Wéi laang muss een Tunnel gespaart sinn, bis d’Leit tëscht enger Sortie an dem Tunnel vun der Autobunn guidéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1777

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene