Téléalarm

Vill eeler Leit oder och Persoune mat Handicap entscheeden sech dofir, en Téléalarm an hirem Haus ze installéieren. Iwwert e Knäppchen un engem Bracelet, enger Auer oder enger Kette kann iwwert dëse System 24/7 en Appell gemaach ginn, falls een sech an enger Situatioun erëmfënnt, an där een Hëllef brauch. Je no Fall kontaktéiert d’Personal vum Téléalarm no sou engem Appell direkt den 112 oder, falls et kee medezineschen Noutfall ass, eng vun de Cliente gewielte Referenzpersoun, déi hëllefe komme kann (een aus der Famill, dem Frëndeskrees, der Noperschaft etc.). Daagsiwwer ass et och méiglech amplaz vun der Referenzpersoun e Service fir Soins à domicile ze kontaktéieren, wa mat esou engem Service e Kontrakt virläit, mee net wärend der Nuecht, well des Servicer keng Permanencen an der Nuecht hunn. Dréckt eng Persoun den Téléalarm-Knapp, well si eng Assistenz brauch, an awer kee Service an och keng Referenzpersoun hëllefe komme kann, bléift dem Personal vum Téléalarm heiansdo keng aner Wiel, wéi den 112 ze kontaktéieren – an dat och wann et eigentlech kee medezineschen Noutfall ass, mee eng Persoun z. B. just kuerz Hëllef bräicht, fir op ze kommen nodeems se gefall ass, ouni sech wéi gedoen ze hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Minister de Problem bekannt, dass et besonnesch an der Nuecht, wou keng Fleegeservicer schaffen, Persoune ginn, déi dréngend eng Assistenz bräichten, mee se net kréien, esou dass den 112 geruff muss ginn?

  2. Falls jo:
    • Ginn et Zuelen doriwwer, wéi oft de CGDIS wéinst esou Appeller am Asaz ass (an absolutten Zuelen an a Prozent par Rapport zu der Gesamtzuel vun den Asätz), fir Persounen ze hëllefen, déi kee medezineschen Noutfall hunn an awer dréngend Hëllef brauchen?
    • Kann et sinn, dass der Persoun, déi per Téléalarm no Hëllef gefrot huet, d’Ambulanzkäschten a Rechnung gestallt ginn, wa sech erausstellt, dass et kee medezineschen Noutfall war, obwuel si anescht awer och net un Hëllef komm wier?

  3. Huet d’Regierung Pläng, fir am Kader vun enger Politik vun der Autonomie an dem maintien à domicile d’Hëllefsméiglechkeete wärend den Nuetsphasen auszebauen, fir sécherzestellen, dass jiddereen Hëllef erhält, deen Hëllef brauch, an d’Rettungsdéngschter gläichzäiteg entlaascht ginn?

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen