Tarifer beim IFEN

Als Partner vun den Enseignanten an den schouleschen Etablissementer stellt den Institut de formation de l’éducation national (IFEN) divers Servicer, virun allem wat d’Insertion professionnelle an d’Formation continue ubelaangt, zur Verfügung. Fir d’Missioune vum IFEN ze assuréieren, gräift dësen ob Formateuren/-tricen zeréck. Sou organiséiere si zum Beispill d’Formations générales ewéi och spéciales, si intervenéieren an der Evaluatioun vun de professionelle Kompetenzen, a villes méi.  Niewent de fest agestallte Formateuren/-tricen gräift den IFEN ëfters och ob externt Personal zeréck. Dëst gëtt allerdéngs net no engem fixe Salaire, mee no Stonnentariffer ausbezuelt. Mir leien elo Temoignage vir, dass dësem externe Personal vum IFEN refuséiert gëtt, indexéiert Tariffer auszestellen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich ass d’Zuel vum externe Personal, ob dat den IFEN zeréckgräift?

  2. Stëmmt et, dass dem externe Personal net erlaabt gëtt, hir Servicer no indexéierten Tariffer ze verrechnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6321

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt