An engem CBD-Buttek an der Stad Lëtzebuerg gouf bis viru Kuerzem e Produit ënner der Bezeechnung THCA verkaaft, deen no lëtzebuergescher a europäescher Gesetzgebung als illegal anzestufen ass. Syntheetesch Cannabinoide stellen eng seriö Gefor fir d’ëffentlech Gesondheet duer, well hir Wierkungen oft vill méi staark a manner previsibel si wéi déi vun natierlechem Cannabis. Dëst Phänomen ass net nëmmen op Lëtzebuerg beschränkt, mee gouf schonn op verschiddene Plazen an Europa festgestallt, wat op eng breetgefächert Verbreedung vun dëse Substanzen hindeit. Et stellt sech d’Fro, wéi d’Kontrollmechanismen an d’Iwwerwaachung vun CBD-Geschäfter zu Lëtzebuerg organiséiert sinn, fir d’Bevëlkerung virun esou geféierleche Substanzen ze schützen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Kontrolle goufen an de leschten zwee Joer a CBD-Butteker zu Lëtzebuerg duerchgefouert, a vu wéi engen Autoritéiten?
Wéi eng rechtlech Konsequenzen hunn d’Bedreiwer vum betraffene CBD-Buttek an der Stad Lëtzebuerg ze erwaarden?
Sinn der Ministesch weider Fäll bekannt, wou illegal Substanzen a CBD-Geschäfter zu Lëtzebuerg verkaaft goufen?
Wéi gedenkt d’Regierung d’Kontrollmechanismen ze verstäerken, fir ze verhënneren, datt syntheetesch Cannabinoiden ënner falsche Bezeechnunge verkaaft ginn?
Gëtt et eng europäesch Zesummenaarbecht beim Austausch vun Informatiounen iwwer syntheetesch Cannabinoiden, an huet Lëtzebuerg sech un dëse Mechanisme bedeelegt?
QP Nummer 3912