Am Kader vun der weiderer Ausbreedung vun der asiatescher Harespel (Vespa velutina) an der Gefor, déi dës fir eis lokal Biodiversitéit an eis Beienzuucht duerstellt, stellt sech ëmmer méi d’Fro no der Käschteneffizienz vun den ergraffene Moossnamen. Wärend eis Nopeschlänner, wéi beispillsweis d’Wallounie an der Belsch, op grouss ugeluechte preventiv Campagnë setze mat der Verdeelung vun Zéngdausende vu Falen, konzentréiert sech d’Strategie hei am Land bis elo nach ëmmer gréisstendeels op d’Ewechhuele vun de fäerdegen Näschter duerch professionell Acteuren. Wann een déi zwou Approche vergläicht, gëtt awer kloer, datt déi finanziell Käschte vun enger präventiver Fal extrem niddereg sinn – also quasi am Beräich vun e puer Cent leien – wärend d’Ewechhuele vun engem eenzegen Nascht eng komplex Interventioun verlaangt, déi séier onproportional vill Euroe kascht. Dëst extreemt Verhältnes vu Centbeträg bei der Präventioun vis-à-vis vun héijen Eurobeträg bei der Reaktioun werft d’Fro op, ob eng proaktiv Moossnam, déi vun de Bierger an de Beienziichter gedroe gëtt, net wesentlech méi rentabel wier. Eng méi staark Konzentratioun op d’Präventioun kéint laangfristeg de Budget vum Staat entlaaschten an d’Ausbreedung vun dëser invasiver Aart gläichzäiteg méi effikass ofbremsen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi héich leien déi aktuell duerchschnëttlech Käschte fir eng eenzel professionell Interventioun fir d’Ewechhuele vun engem Nascht vun der asiatescher Harespel zu Lëtzebuerg?
Wéi héich ass de globale finanzielle Montant, deen de Staat an de leschten zwee Joer fir d’Eliminatioun vun dësen Näschter huet missen opbréngen?
Deelt d’Regierung d’Aschätzung, datt de Käschtepunkt vun enger präventiver Fal a kengem Verhältnes zu den héijen Interventiounskäschte steet (Centbeträg fir eng Fal am Verglach zu héijen Eurobeträg fir d’Ewechhuele vun engem Nascht)?
Zitt d’Regierung aus dëser Diskrepanz d’Conclusioun, datt eng ëmfaassend, staatlech ënnerstëtzte Verdeelung vu Falen (wéi an der Wallounie) eng wirtschaftlech an ekologesch méi sënnvoll Léisung duerstellt?
Ginn et spezifesch logistesch oder aner Hürden, déi d’Regierung de Moment dovun ofhalen, esou eng präventiv an national Campagne zur Verdeelung vu Falen ëmzesetzen?
QP Nummer 3902