Donatioun vu Stol am Wäert vu 37 Milliounen US-Dollar fir e Bauprojet vum Trump

Wéi aus rezente Medieberichter an internationalen Analysen ervirgeet, plangt de Stolproduzent ArcelorMittal, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, eng Donatioun vu Stol am Wäert vu 37 Milliounen US-Dollar fir e Bauprojet vum amerikanesche President. Besonnesch brisant ass dobäi d’Tatsaach, datt nëmmen zwee Deeg nodeems dës Donatioun thematiséiert gouf, déi amerikanesch Regierung eng Proklamatioun publizéiert huet, déi d’Importtaxen op Stol deels ëm d’Hallschent reduzéiert – eng Decisioun, déi den Exporter vun ArcelorMittal aus Kanada direkt kéint zeguttkommen.   Dës zäitlech Offolleg hannerléisst de staarken Androck vun engem “Quid pro quo” a wërft d’Fro op, ob hei materiell Virdeeler am Austausch fir politesch a wirtschaftlech Faveure gewäert goufen. Ouni sech op Spekulatiounen anzeloossen, ass et am ëffentlechen Interessi fir ze wëssen, wéi d’Regierung esou Geschäftspraktiken am Kader vun der lëtzebuergescher an internationaler Anti-Korruptiounsgesetzgebung souwéi de Prinzippie vun enger transparenter Corporate Governance bewäert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Mechanisme stinn der Lëtzebuerger Regierung an de Justizautoritéiten zur Verfügung, fir z’iwwerpréiwen, ob d’Praktike vu lëtzebuergesche multinationale Konzerner am Ausland potenziell géint national oder international Anti-Korruptiounsbestëmmunge verstoussen?

  2. Plangt d’Regierung, am Kader vun hire reegelméissegen Echange mat der Direktioun vun ArcelorMittal, offiziell Erklärungen zu dësem Virfall ze froen, fir sécherzestellen, datt déi intern an extern Ethik- a Compliance-Reegele strikt agehale ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3901

Zesummenhang posts

Am Kader vun der weiderer Ausbreedung vun der asiatescher Harespel (Vespa velutina) an der Gefor, déi dës fir eis lokal Biodiversitéit an eis Beienzuucht