Am Tageblatt ass an engem Artikel vum 14te Mee ze liesen “Noch weiß niemand, wann genau die Gastronomiebranche in Luxemburg ihre Türenwieder öffnen kann.” Dës Onwëssenheet mécht ville Restaurateuren, Cafésbesëtzer an Hoteliere schwéier ze schafen, well siengersäits hir Geschäfter preparéiere mussen, anerersäits net wëssen, wéini si, ënnert méi strengen Hygiensmoossnahmen, erëm däerfen opmaachen.
Tëschenzäitlech hu Liwwerdéngschter ee reegelrechte Boom am Confinement kannt, well d’Restaurateure weiderhi schaffe kënnen an dobäi déi virgeschriwwe Sanitärmossnahmen anhalen. De Client kënnt deemno net a Kontakt mat anere Clienten oder mam Personal, wat den Infektiounsrisiko reduzéiert. D’Firme kënnen also zum Deel normal mat hiren Aktivitéite weiderfueren.
Vill Betriber aus dem Restauratiounsberäich waren allerdéngs net drop virbereet, fir iwwer massiv iwwert den Internet Commanden eranzekréien an ausliwweren ze loossen, well se digital oder logistesch nach net dofir opgestallt waren.
Et stellt sech d’Fro, ob d’Regierung de Restaurateure mat schonns existéierende Mëttelen hätt hëllefe kënnen. Mat Letzshop ass fir den Eenzelhandel eng E-Shop-Plattform en Place gesat ginn, déi sécherlech hätt kéinten ouni groussen Opwand erweidert ginn, fir d’Gastronomie-Betriber mat an ze bannen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Regierung, op Basis vum Verlaf vun der Infektiounskurv zu Lëtzebuerg, scho prognostizéieren, wéi een Datum d’Restaurateuren erëm definitiv hier Dieren däerfen opmaachen?
-
Huet de Minister d’Piste gepréift, fir de Restauratiouns–Betrieber eng Méiglechkeet unzebidden hier Produiten op Letzshop auszestellen an d’Commandë via Letzshop empfänken ze kënnen?
• Falls nee, firwat net?
• Falls jo, wéini wäerten déi éischt Bestellungen op Letzshop méiglech sinn? -
Wéi vill Restauratiounsbetriber zu Lëtzebuerg bidden aktuell iwwer Internet een Delivery–Service un? Gesäit de Minister hei nach Ausbaupotenzial? Falls jo, wat huet hien hei Wëlles?
-
Goufen et Informatiounen oder Recommandatioune vun der Säit vum Minister, wéi Betriber hire Liwwerdéngscht am Kader vu Coronapandemie opstelle kënnen?
QP Nummer 2252