Sécherheet am ëffentlechen Transport

De leschte Samschde koum et an der Stad erëm zu engem Iwwerfall. Eng Fra, déi an hirem Rollator ënnerwee war, wollt an de Bus klammen a krut d’Hëllef vun engem Passant ugebueden. Deen nobel wierkende Passant hat d’Situatioun awer ausgenotzt, fir der Fra an deem Moment de Portmonni aus dem Rollator ze entwennen an sech duerch d’Bascht ze maachen. Et ass sécherlech keen Eenzelfall, datt et am ëffentlechen Transport oder op Bushaltestellen oder a Garen zu Déifställ oder zu Iwwerfäll kënnt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass dem Minister bekannt, dass Seniore mat Beanträchtegungen am ëffentlechen Transport oder op Arrêten zu Opfer vun Déifställ oder Iwwerfäll gi sinn? Falls ja, wat fir eng Moossnahmen gi vum Minister ënnerholl, fir dës Leit ze schützen?

  2. Wéi vill Déifställ an Iwwerfäll gouf et an de vergaangene Joren am ëffentlechen Transport oder op Arrêten a Garen?

  3. Wéi eng Pläng huet de Minister, fir d’Bushaltestellen an d’Garen hei am Land fir d’Passagéier méi sécher a méi komfortabel ze maachen?

  4. Wéi gëtt allgemeng fir d’Sécherheet vu Buschaufferen hei am Land gesuergt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2745

Zesummenhang posts

Start um 19h15 Stand Sektiounen Tour de Table iwwert de Stand vun de Sektiounen. Aktuell si folgend Proporzgemengen sécher: Stad, Kayl, Péiteng, Suessem, Käerjeng,
D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a
Obwuel d’Recht op Privatsphär an d’Recht op eng reegelkonform automatiséiert Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten duerch eng ganz Rei national an europäesch Texter geschützt ginn,