Gesetzespropositioun 7524 vun de Piraten fir eng besser Protektioun vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn haut elo gläich nach eng Kéier mat Covidgesetzer befaasst. An déi komme jo och reegelméisseg erëm an de legislative Prozess ass dach allkéiers erëm ganz acceleréiert. Ganz séier musse mer en Text aviséieren, amendéieren an dann eeben och hei stëmmen, soudatt et heefeg fir parlamentaresch Amendementer dach immens knapps an der Zäit gëtt.
Fir dat also e bëssen, jo, ze vereinfachen, hunn ech dann dës Kéier de Wee net vun engem Amendement parlementaire gewielt, mee vun enger Proposition de loi, déi bei där nächster Iteratioun vum Covidgesetz da jo kéint mattraitéiert ginn. Et geet mer nämlech ëm dat, wouriwwer och d’Motioune ginn, iwwert déi mer haut nach schwätze wäerten: ëm déi grav Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer an an dem betreite Wunnen.
Et geet drëm, datt et do bis elo keng gesetzlech Basis gëtt, datt et keen obligatorescht sanitäert Konzept gëtt, datt et do keng, net esou wéi bei de Grande-surfacen … Et muss ee sech virstellen: D’Akafstempelen hu méi streng rechtlech Krittäre wéi e CIPA!
Deementspriechend hu mer eis geduecht, mir géifen amplaz en Amendement parlementaire dës Kéier eng Proposition de loi deposéieren, déi eebe genau dat fuerdert, dat och mat enger konkreeter Textpropos an d’Gesetz aschreift, wéi een eebe gradesou ee Concept sanitaire mat dann eeben och engem mënschewierdege Cohortage an den Alters- a Fleegeheemer, am betreite Wunnen kéint etabléieren, mat engem Contrôle duerch d’Santé, ob dat Konzept dann och d’Spuer hält, an eeben och mat Alternativen, wann d’Gebailechkeeten dat net zouloossen. Well, ech mengen, dat alles si Saachen, déi mer elo an deene leschten Deeg schonn an de Kommissioune gezielt kruten, wat hei mat contribuéiert huet.
En attendant vun enger kompletter Enquête, déi onbedéngt muss kommen, geet et mer hei awer drëm, fir elo do, wou et wierklech brennt, eng kleng Ofhëllef ze schafen! Dofir deposéieren ech, Här President, hei eng Proposition de loi, déi dann d’Zil hätt, d’Gesetz, also d’Loi modifiée vum 17. Juli 2020, also dat sougenannt Covidgesetz, ofzeänneren.
An ech hoffen, datt déi haute Corporatioun vum Staatsrot dann dat heiten och kéint mataviséieren, wa se déi nächste Kéier de Regierungs-Projet-de-loi, fir dat Gesetz ze änneren, mataviséiert. Et geet ëmmerhin ëm deen nämmlechten Text. An esou evitéiere mer onnéideg parlamentaresch Diskussiounen iwwert d’Vitess vun Amendementer.
Ech soen Iech Merci.
PDF vun der Gesetzpropose
D’Propos gouf de 27ten Abrëll a 7ten Mee an der Santéskommissioun behandelt. D’Regierung huet virgeschloen, dës Propos an de Projet 7524 z’integréieren.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat