Marc Georgen:
Merci, Här President.
Fir d’éischt emol dem Tess Burton merci fir säi gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. All Bauerebetrib am Land ass wichteg. Regional Produkter si fir eis Piraten an eiser mofer Déiereschutz- an Ëmweltpolitik e wichtege Punkt, wann net dee wichtegsten, fir eng modern Landwirtschaft.
Liest ee sech awer elo déi eenzel Avisen duerch, déi mir kruten zu dësem Gesetz am Beräich vun der Landwirtschaft, ob konventionell Baueren oder Biobaueren, alleguer si se der nämmlechter Meenung: D’Bäihëllefen, déi de Staat an dësem Gesetzesprojet proposéiert, ginn net duer. Si ginn net duer, fir eis Landwirtschaft ze moderniséieren. Si ginn net duer, fir d’Zil vu 25 % Bio bis 2025 an 100 % bis 2050 ze erreechen.
Dëse Gesetzesprojet huet net genuch Courage, fir d’lëtzebuergesch Biolandwirtschaft an eng aartgerecht Déierenhaltung zu Lëtzebuerg zur neier Realitéit ze maachen. Et ass déi verpasste Chance, eng modern Landwirtschaft ze kréien, ewech vun ëmmer méi Quantitéit hin zu engem qualitativen Usaz, bei deem d’Grenze vun eiser Natur respektéiert ginn an d’Ressourcen intelligent genotzt ginn.
An eisen Ae kann ee sech als eent vun de räichste Memberlänner an der EU net esou senger Ëmweltverantwortung entzéien. Nodeems de Minister de Bioaktiounsplang am Mäerz d’lescht Joer presentéiert huet, hu mir geduecht: „A, elo ass et esou wäit! Endlech beweegt sech eppes!“ D’Ukënnegunge sinn nämlech do an ech muss soen, de Bioaktiounsplang huet eis ganz gutt gefall. Mee wéi et schéngt follgen op déi vill schéin Ukënnegungen elo leider net déi Fakten. Mir Piraten gesi jiddefalls net, wéi de Bioaktiounsplang duerch e weidert Ofwaarde bis 2023 kéint erreecht ginn.
Ugekënnegt gouf eng Adaptatioun vun de Primmen, fir d’Biolandwirtschaft endlech zu der beschter Alternativ fir d’Baueren ze maachen. Dës Primme sollten de Baueren hëllefen, fir dass si hir Betriber op Bio ëmstellen. Esou hätte se kéinten ewechkomme vun enger industrieller Produktioun, déi weeder de Bauer nach d’Déier glécklech mécht, well ëmmer nëmmen no der Maximiséierung vun der Produktioun gekuckt gëtt. D’industriell Profittproduktioun an der Landwirtschaft biergt vill Risiken an eng schlecht Qualitéit fir de Client. Ee Risiko ass déi séier Verbreedung vu Krankheete wéi der Schwéngsgripp. Wann d’Krankheete bis esou een Haff erreechen, op deem d’Déieren zesummegedréckt liewen, breet se sech méi séier aus, wéi ee kucke kann. D’Resultat: e sënnloost Stierwe vun den Déieren.
A wa mer bei de Schwäi sinn, do hunn d’Baueren duerch eng ganz aner Krankheet och vill Misär: de Präis. Vill vun eis wäerten an de leschte Wochen d’Reportagen an d’Temoignagë gesinn hunn, wou d’Baueren erklären, dass si hir Déieren net méi lass ginn, dat och, well d’Restauranten zou sinn an op där anerer Säit d’Discounter weider de Präis erofsetzen. Dës Déiere kaschte momentan méi, wéi se beim Verkaf abréngen. Dat dreift d’Baueren an d’Verzweiflung, e Punkt, dee mir Piraten och schonn an der Kommissioun viru Méint hei an der Chamber opgeworf hunn zum aktuelle Präis vum Schwéngefleesch.
Mir Piraten soen an eiser mofer Landwirtschaftspolitik: De Staat muss de Baueren e séchert a fairt Akommes garantéieren, fir och den Déieren eng wierdeg Haltung ze erméiglechen. Eng Politik, déi d’Produktivitéit nach ëmmer virun d’Wuel vu Mënsch an Déier setzt, ass do de falsche Wee.
Wou mir bei den Déiere sinn: Mir Piraten setzen eis weiderhi konsequent géint Déierentransporter iwwer 100 km ewech an. Et kann net sinn, dass d’Déiere gequält a lieweg transportéiert ginn, fir duerno ze stierwen. Do soe mir ganz kloer: „Dat geet net!“ Aktuell feelt et u Kontrollen, et feelt un Aschränke vun Déierentransporter, och hei am Land.
Här President, et ass net ze verstoen, dass haut net d’Chance genotzt gëtt, fir esou Saachen, op déi et jo awer ukënnt, ze änneren.
D’Landwirtschaftskummer fuerdert zu Recht 30 % méi héich Hëllefe wéi dat, wat elo an dësem Text besteet. Ouni dës Suen, esou d’Landwirten, wär eng Modernisatioun vun de Bauerebetriber hei am Land net méiglech. D’Subventioune sollten no Nohaltegkeets- an Innovatiounskrittäre vergi ginn an net no Quantitéit. Mir soen och nach zousätzlech: no Krittären zum Wuel vum Déiereschutz!
Dofir ass et enttäuschend, dass d’Regierung net bereet ass, fir eng Modernisatioun a virun allem eng Transitioun op Bio finanziell richteg ze ënnerstëtzen. Erëm gëtt op Zäit gespillt, vläicht bis zu den nächste Walen, fir dem Wieler dann ze erzielen, dass ee bis 2028 sécher wäert déi 25 % Bio erreechen.
Wann ee sech esou Ziler setzt, ass et awer net verbueden, scho virdrun op Bio ëmzestellen an op déi 25 % ze kommen. D’Datumen, déi dës Regierung sech selwer ginn huet, si just de maximal leschten Delai, net deen, wou ee fréistens dierf eppes ëmsetzen. Mir verléieren zwee wichteg Joer, bis dass d’EU sech iwwer en neien Agrarpakt eens gëtt.
Fir eis Piraten ass d’Saach ganz kloer: D’europäesch Landwirtschaft muss endlech den Déiereschutz respektéieren, staark innovativ an nohalteg ginn. An dofir ass eng radikal Reform vun der europäescher Landwirtschaft elo néideg. D’Klima- an Ëmweltkris ass nach ëmmer do, och wa wéinst Corona d’Leit net op de Stroossen ze gesi sinn.
Jo, mir Piraten sinn och enttäuscht vun der grénger Partei. Mir hunn eis méi erhofft fir d’Ëmwelt an der aktueller Landwirtschaftspolitik. Mee ech muss awer soen, ech hat déi puer Wierder jo virdrun opgeschriwwen: Elo no der Ried awer all mäi Respekt fir den honorabele François Benoy, deen awer eng gutt gréng Meenung hei vertrueden huet. An ech géif mer wënschen, déi Meenung géif och an der Koalitioun méi gehéiert ginn, well dat wär e bessere Wee.
Här President, nieft de Klimaziler mussen och konkreet Piste fir de Wee dohinner festgehale ginn. 55 % bis 2030 erreeche mer nëmmen, wa mer mat den Acteuren um Terrain hëllefen. Fir eis Piraten geet dëst Gesetz bei Wäitem net wäit genuch. Mir si fir eng méi gerecht Déierenhaltung. A fir dass all Bauer dat méiglech gemaach gëtt, brauche mer, ënner anerem, genuch finanziell Ënnerstëtzung. Wéi ech och elo grad gesot hunn: Mir mussen de Baueren e fairt Akommes garantéieren a mir mussen den Déieren eng wierdeg Haltung erméiglechen. Dat wäre Moossnamen, wéi eng mof Politik géif ausgesinn.
Dat alles wäerte mer mat dësem Gesetz net hikréien. Dës Hëllefen am Gesetz si besser wéi näischt, mee mir kënnen dëst Gesetz awer net matstëmmen, well et an eisen Aen e falscht Zeeche géif setze beim Déiereschutz an Déierentransport. Dat heite Gesetz spigelt net dat erëm, wat mir Piraten ënnert der Ënnerstëtzung vu qualitativ héichwäerteger Landwirtschaft verstinn. An dofir wäerte mir eis bei dësem Gesetz enthalen.
Merci.
- September 27, 2023
- 5:00 pm
- Communiqué, News
Dës Woch deckt RTL op datt DP & CSV (+ e fréieren LSAP-Minister) en Treffe mat Lobbyiste vun der Baubranche haten. Natierlech “reng als