Resolutioun: Sous-Commission agents municipaux

Context:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass e Kontrakt tëscht enger Gemeng an enger privater Sécherheetsfirma, dee virgesäit, dass am ëffentleche Raum solle Patrulle gemaach ginn, net vum Gesetz vun 2002 iwwer de Gardiennage ofgedeckt ass;
  • dass et méiglech wär d’Kompetenzen vun den Agents municipaux auszeweiten, fir net mussen op privat Sécherheetsfimern zeréck ze gräifen;
  • dass eng entspriechend Gesetzesännerung esou séier ewéi méiglech misst ausgeschafft ginn ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. an der Chamber eng Ënnerkommissioun “Définition du rôle des agents municipaux” ze grënnen, fir de Sujet mat der néideger Drénglechkeet behandelen ze kënnen an ënnert anerem um Projet 7126, Projet de loi relative aux sanctions administratives communales modifiant 1° le Code pénal ; 2° le Code de procédure pénale; 3° la loi communale modifiée du 13 décembre 1988, ze schaffen.

 

Iwwert dës Resolution gouf net ofgestëmmt, well d’Ministesch versprach huet, dass si schonn am Abrëll Progrèsen am Dossier kéint virweisen.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen