Reklamatioune bei der Police

Et kënnt ëmmer erëm fir, datt Leit bei der Police uruffen, fir e Verstouss ze mellen – sief et Kaméidi an enger Residence oder op der Strooss, e falsch geparkten Auto oder soss e Virfall. An deem Fall muss den Uruffer dann seng Identitéit uginn: säin Numm a munchmol och seng Matriculesnummer.    Kënnt et dann zu engem Asaz vun der Police an zu enger Interpellatioun vun deem – oder deenen – déi Ulass waren fir d’Reklamatioun, kann d’Police och d’Identitéit devoiléieren vun deem, dee sech bei der Police gemellt huet.    

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et bei der Identifikatioun vun deem, dee bei der Police urifft, wierklech néideg, och d’Matriculesnummer nozefroen? 

  2. Gëtt dat systematesch gemaach oder nëmmen a gewësse Fäll? Wa jo, a wéi enge Fäll?

  3. Gëtt et zu dëser Fro offiziell niddergeschriwwen Uweisungen fir d’Policebeamten? Wa jo, wéi ass hei de geneeë Wuertlaut?

  4. Wat geschitt mat dëse Matriculesnummeren, wann d’Affär erleedegt an den Dossier zougemaach ginn ass? Gin se stockéiert? Vu wiem? Wou? Fir wéi laang? Wéini gi se geläscht?

  5. Gëtt bei der Denonciatioun vun engem Virfall bei gläichzäiteger Interpellatioun vun der “personne en cause” systematesch d’Identitéit vun der Persoun devoiléiert, déi sech bei der Police gemellt hat?  Wa jo, kann dat net zum Nodeel vun der leschtgenannter Persoun sinn? Wann nee, a wéi enge konkrete Fäll gëtt dat gemaach?  Ass et de Policebeamten iwwerlooss, wéi si an esou engem Fall virginn?  Gëtt et hei och offiziell bzw. schrëftlech festgehalen Uweisungen a wéi gesinn déi aus?     

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6396

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt