Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount Januar 2022

Ahoi léiw Memberen,

et ass nees Zäit fir den Newsletter!

Aktuelles:

Wat ass an der Chamber esou am Januar geschitt?

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un. 

***

Aarbecht:

6 bis 6,5 Méint muss eng Persoun, déi eng Recoursprozedur bei der Adem lancéiert, momentan waarde bis d’Kommissioun een Urteel hëlt. Fir eis Pirate sinn dës Delaien inakzeptabel dofir hu mir nogefrot wéi do elo séier soll agéiert ginn: https://piraten.lu/commission-speciale-de-reexamen-bei-der-adem-nofro/

***

Bildung:

Den 3G-System ass op den Aarbechtsplazen ugelaf, mee grad an de Schoule war den neie System nach plazeweis mat Onkloerheete verbonnen:
https://piraten.lu/3g-leschten-an-der-schoul/

***

Déiereschutz:

All Dag ginn Déieren duerch ganz Europa transportéiert an dëst vill ze oft a schlechten Zoustänn, wou d’Déiere weder genuch Plaz hunn, nach genuch Fudder a Waasser. D’EU-Parlament huet d’Situatioun analyséiert an elo an engem Rapport Recommandatioune fir den Déierentransport festgehalen. D’Parlament fuerdert an dësem Rapport ënnert anerem, dass d’Transportdauer op maximal 8 Stonne verkierzt gëtt, an et sollen och méi streng Kontrolle gemaach ginn. D’Piraten am Europaparlament ënnerstëtzen dëse Rapport a setzen sech fir méi Déierewuel an.

***

Digitalisatioun a Medien:

Phishing-Attaken ginn ëmmer méi heefeg. Op Basis vun enger Fro, déi op fro.lu gestallt gouf, hu mir beim Minister nogefrot, wat d’Regierung an dësem Domaine mescht:
Den Ausbau vun de 5G-Netzer behënnert an den USA de Fluchverkéier. Ass dat och bei eis e Problem?

***

Familjepolitik:

De Skandal ronderëm d’Haiser vun Orpéa huet och Lëtzebuerg schockéiert. Wär esou eppes och hei am Land méiglech oder schützen eis Gesetzer eis?

***

Finanzen:

Hei huet de Marc Goergen eng Fro un déi néi Finanzministesch gestallt fir eraus ze fannen, wéi et mat der Ofsetzung vu Material wat ee fir den Télétravail brauch, ass. https://piraten.lu/material-fir-den-teletravail/

***

Innepolitik:

An der Chamber gouf dann den 20te Januar een neit Waffegesetz gestëmmt. Eis Pirate geet et net wäit genuch. Mir sinn net d’Accord, dass mannerjäreger dierfe mat Waffen hantéieren. Wëll et awer besser ass, wéi dat virrescht Gesetz, hunn mir de Projet matgestëmmt. Hei kënnt dir dem Marc Goergen seng Ried zu dësem Thema lauschteren:
Wéi mir matgedeelt kruten ass d’Enquête bei der IGP betreffend der Reform vun de Recrutementsprozedur elo ofgeschloss. De Marc Goergen huet no de Resultater gefrot: enquete-administrative-vun-der-igp/”>https://piraten.lu/enquete-administrative-vun-der-igp/

***

Integratiounspolitik:

Brauch Lëtzebuerg e gesetzleche Kader fir Situatiounen, an deenen een an de Soinen fräiheetsentzéiend Moossnamen asetzt?
 
A Gewësse Fäll kënne Saisien op de Remboursementer vun der Krankekees gemaach ginn. Mir wollte wëssen, wéi oft esou eppes virkënnt an op d’Regierung un dëser Praktik festhale wëll:
Wéi vill staatlech Gebaier, déi e Service fir de Public ubidden, hu keng Parkplaz fir Persoune mat Handicap am Haus oder ronderëm?

***

Justiz:

Wien därf wéini wéi eng Waffe bei sech droen an ënner wéi enge Konditiounen?
Lëtzebuerg krut en neit Waffegesetz:
Dat neit Waffegesetz erlaabt et Kanner ab 11 Joer an engem Verein Waffen ze benotzen. Gleichzäiteg si vill Videospiller mat Waffen erréicht ab 16 oder 18 Joer zougeloss. Mir wollte wëssen, ob d’Ministesch hei e Widdersproch gesäit:
https://piraten.lu/altersgrenze-fir-dem-emgaang-mat-waffen/
Fir wéi vill Doudeger si Schoffwaffen am Land responsabel? Mir hunn nogefrot:
D’Chamber huet den Affer vun der Shoa geduecht:

***

Logement:

Beim Thema Logement hunn de Sven Clement an de Marc Goergen elo eng weider Proposition de loi agereecht. Mat dëser Gesetzespropos soll eng gesetzlech Limitt festgehale ginn, wat d’Kommissioune vun Immobilienagencen ugeet. Den Detail fannt dir hei: https://piraten.lu/ppl-plafond-immo/
Am Lëtzebuerger Land ass de Marc Goergen eng wieder Kéier op all d’Gesetzesproposen zum Thema Logement agaangen, déi d’Piraten elo schonn deposéiert hunn:

***

Mobilitéit:

Am Januar hunn eis Deputéiert erëm eng Réi intressant Froen zum Thema Mobilitéit gestallt.
Esou goung et ëm d’Käschte vum Tanktourismus:
Déi absurd Slot-Reegelen déi Fluchgesellschaften dozou zwéngen, fir mat eidele Fligeren Tier iwwert de Flughäfen ze dréinen:
Awer och wéi d’Verkéierssituatioun um Kierchbierg säit der Fäerdegstellung vum Tram evaluéiert huet: https://piraten.lu/verkeierssituatioun-um-kierchbierg/
An der Chamber ass et am Januar gann och ëm d’Situatioun vun der Aviation civile gaangen. Hei fannt dir de Piraten hier Positioun: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3527/sequence/191947.html

***

Natur an Ëmweit:

Hei hunn mir och dëse Mount erëm eng ganz Réi froen un d’Ministeren gestallt.
Esou goung et ëm den Ëmgang mam Wollef:
https://piraten.lu/de-wollef-ass-do/

Em d’Gespréicher mat eise Belschen Nopere wat ee geplangten Atomendmülllager an der Belsch ugeet:
https://piraten.lu/atomendmulllager-an-der-belsch/

An d’Folge vu Streesalz fir eis Natur an eis Déieren:

***

Santé:

An der Chamber war en Débat iwwert d’Impfflicht:
D’Piraten hunn am Debat d‘Positioun vun de Memberen zur Impfflicht aus eiser Ëmfro presentéiert:
https://piraten.lu/resultat-vun-der-interner-emfro/
Mir kuruten eng Äntwert op eis Fro iwwert d’Covid-Medikamenter:
https://piraten.lu/fro-lu-eischt-covid-19-medikamenter-zougelooss/
Kënne Covid-Certificaten aus Frankräich, déi op Basis vun engem Schnelltest erstallt goufen och zu Lëtzebuerg unerkannt ginn?
https://piraten.lu/franseisch-certificat-de-retablissement/
Kréie Kanner an Zukunft keng CovidCheck-Certificaten méi, well se keng PCR-Tester méi musse maachen? Mir hunn nogefrot:
Wéi eng Contre-Indikatioune géint de Covid-Impfstoff ginn et a wat geschitt, wann e Generalist eng aner Meenung huet, wéi d’Direktioun vun der Santé wat d’Contre-Indikatiounen ugeet?
 
Wou ass d‘Regierung drun mat den Aarbechten iwwert d’Ëmweltmedezin?
https://piraten.lu/emweltmedizin/
 
De Skandal ronderëm d’Haiser vun Orpéa huet och Lëtzebuerg schockéiert. Wär esou eppes och hei am Land méiglech oder schützen eis Gesetzer eis?
Wéi sécher sinn eis Schnelltester?
Den 3G-System ass op den Aarbechtsplazen ugelaf, mee grad an de Schoule war den neie System nach plazeweis mat Onkloerheete verbonnen:
Wéi wäit sinn d’Apdikte mat de Preparatiounen, fir Impfunge kënnen ze maachen?https://piraten.lu/fro-lu-impfungen-an-apdikten/
A Gewësse Fäll kënne Saisien op de Remboursementer vun der Krankekees gemaach ginn. Mir wollte wëssen, wéi oft esou eppes virkënnt an op d’Regierung un dëser Praktik festhale wëll:
D’Kontrolle vum Medico fir de CGDIS ënnerleie strenge Krittären. Mir wollte méi Detailer gewuer ginn:

***

Wirtschaft:

Hei huet de Marc Goergen eng Fro vu zu de Käschten an der TVA gestallt, déi een bei Päck aus dem Net-EU-Ausland a Rechnung gestallt kritt: https://piraten.lu/fro-lu-tva-an-frais-de-traitement-beim-e-commerce/
Zanter dem Juni 2021 gëtt an der Chamber un der nationaler Ëmsetzung vun der Directive 2019/790 och als Copy Right Directive bekannt, geschafft. D’Pirate sinn national an international géint dës Direktive op d’Strooss gaangen an hu probéiert dës Direktive ze verhënneren. Aus dësem Grond verfollegen d’Piraten dësen Dossier an der Chamber ganz genau. De Sven Clement, huet am Kader een Avis zu dem Text geschriwwen an un de Wirtschaftsministère weider gereecht. Den Avis fannt dir hei:

***

Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?

Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen: https://piraten.lu/newsletterumeldung/

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023