D’Pirate stinn den néie Moossname géint de Coronavirus vun der Regierung weider skeptesch géintiwwer. Aplaz mat d’Zäit a mat Wäitsiicht eng koherent an novollzéibar Gesondheetspolitik ze maachen, goufen et haut nees leider nëmmen Hëftschëss géint eng Pandemie, déi eist Land weiderhi fest am Grëff huet. D’Leit brauche grad an dësen Zäiten op Krittäre baséierend, verständlech a koherent Moossnamen, déi u kloren Zuele festgemaach ginn an eng kollektiv Zilsetzung erméiglechen.
De Premierminister an d’Gesondheetsministesch hunn haut, no laangem Hick-Hack, nees nei sanitär Mesuren am Kampf géint d’Verbreedung vum Coronavirus presentéiert.
D’Ausgangsspär an d’Zoumaache vun de Geschäfter sinn an eisen Aen net méi koherent a proportional: si hätte misse méi fréi kommen. Elo, wou d’Indicateure méi positiv sinn, hätt een dës Moossnamen och direkt kéinte si loossen. D’Geleeënheet, fir genee dës Mesuren anzeféieren, gouf schonns viru Woche verpasst. Ugesiichts vun der säit Wochen ugespaanter Lag ass et ëmsou méi erstaunlech, dass déi nei Mesuren eréischt ab dem 26ten Dezember – also no Chrëschtdag – a Kraaft trieden.
Fakt ass, datt de Chrëschtdags-Shopping – inklusiv Black Friday fir d’ganz Groussregioun – elo hannert eis leien an d’Regierung déi restriktiv Mesuren net zum richtegen Zäitpunkt agesat huet.
Do, wou et néideg wier, gëtt gezéckt an do, wou Rou a Besonnenheet sënnvoll wier, gëtt iwwerreagéiert.
sou de Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei.
D’Leit brauche grad an dësen Zäiten einfach, verständlech a koherent Moossnamen, déi u kloren Zuele festgemaach ginn an eng kollektiv Zilsetzung erméiglechen. Ee Beispill dofir wären d’Restriktiounen un de Bettekapazitéiten an dem disponibele Personal an de Spideeler festzemaachen.
D’Moossnam, fir d’Woch no der Chrëschtvakanz am Homeschooling z’organiséieren, ënnerstëtzen d’Piraten. Dës Moossnam ass sënnvoll an entsprécht ganz eise Fuerderungen aus de leschte Wochen. Mee: och hei wär d’Regierung besser gerode gewiescht méi fréi op d’Iddie vun der Oppositioun anzegoen. Dëst hätt de Betraffene méi Spillraum ginn, fir mat Zäiten d’Elteren a Schüler z’informéieren a fir d’Rentrée ze preparéieren.
Bei aller Kritik ëm déi nei Reegele biede mir d’Leit weiderhin, sech un déi nei Reegelen ze halen. Dëst ass ee kollektiven Effort – zum Wuel vun all Eenzelem hei am Land.