Question urgente n° 3850 de M. Sven Clement concernant la vaccination des personnes vulnérables

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den 18. Februar dëst Joer huet den Haut-Commissaire à la protection nationale an engem RTL-Interview Follgendes erkläert, an ech zitéieren: „Herno, an deenen nächste Phasen, wäert et esou sinn, dass d’Leit, wa se an déi Ka tegorie falen, déi grad drun ass, dass déi Leit iwwer hiren Dokter eng Zertifikatioun kréien, dass se vulnerabel sinn. Dat leeft ganz einfach, den Dokt er brauch do näischt ze schreiwen, den Dokter brauch just d’Matricule vun deene Leit an eng Datebank anzedroen“ – Zitatenn.

Dës Prozedur vum Optin ass logesch, well wéinst dem Secret médical kann ee keng Datebank einfach esou vu vulnerabele Persoune schafen oder et ka se och nach net ginn. Fir méiglechst vill vulnerabel Persoune fréizäiteg impfen ze kënnen, mussen dës also an déi aktuell Impfdatebank per Opt-in-Prozedur bäigesat ginn. Wéi mer awer matgedeelt gouf an deene leschten Deeg, wëssen – Stand haut, also dräi Wochen no dëser Annonce – weeder eng Rëtsch vun de vulnerabele Persounen nach eng Rëtsch Dokteren, wou dës Datebank drun ass a wéi se sech hei kënnen androen. Et ass mer ee Fall ganz konkreet zougedroe ginn, deen huet als Éischt bei sengem Hausdokter probéiert, gouf bei e Spezialist geschéckt.

Deen huet du bei mat der AMMD Récksprooch geholl. Déi huet du gesot: „Ma da frot nach eng Kéier bei der Santé no.“ En huet du bei der Hotline vun der Santé ugeruff, déi hunn him du gesot: „Mellt Iech bei Ärem Hausdokter.“ Bon, et ass e bëssen am Krees erëmgaangen.

An dofir wollt ech ganz konkreet vun der Madamm Minis tesch wëssen:

Wéini kënne vulnerabel Persounen, esou wéi et vum Haut-Commissaire à la protection nationale ugekënnegt gouf, sech an d’Impfdate bank aschreiwen?

Ass eng Pufferzäit virgesinn, fir datt d’vulnerabel Persoune sech virum Ufank vun de jeeweilegen Impfphase kënnen androe loossen?

An ass virgesinn, datt d’vulnerabel Persoune sech zu all Zäitpunkt kënnen iwwer dës Prozedur an d’Datebank androen, ouni Récksiicht dorobber, datt se bei der vireger Phas nach net ageschriwwe waren, fir eeben e Fall ze vermeiden, wou se vläicht an der Phas 2 dru wären, sech awer eréischt bei der Phas 3 bei hirem Hausdokter presentéiert hunn?

Merci.

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023