Question n° 300 du 8 mars 2022 de M. Marc Goergen relative à des cyberattaques contre des éoliennes, adressée à M. le Ministre de l’Énergie

M. Marc Goergen (Piraten) | Här Di Bartolomeo, ech
hu leider net verstanen, wéi ech do laanschtgaange
sinn, wat Der gesot hutt, mee ech huelen un, et ass
eppes Feines.
M. Fernand Etgen, Président | Kommt zu Ärer Fro,
Här Goergen.
(Interruption)
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Loosst Iech net
oflenken!
M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, ech hu
mer e puer Suerge gemaach ëm eis Wandrieder am
Land. Et ass jo bekanntlech esou gewiescht, dass europawäit eng Cyberattack gefouert ginn ass géint
Wandrieder. An dofir geet meng Fro och un den Här
Turmes, ob dat zu Lëtzebuerg de Fall war, ob et do
Stéierunge gouf. A falls jo, a wéi engem Ausmooss
déi waren. An dann, wann et esou en Hackerugrëff
gëtt, ob mir hei zu Lëtzebuerg virbereet sinn, ob dat
néidegt Personal do ass, fir déi Situatioun ze regléieren. Well et kann ee jo dovun ausgoen, dass et warscheinlech net dee leschten Hackerugrëff war. An et
wär jo awer gutt, wa mer do virbereet wären.
Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll