Projet de loi 8233, eng Ofännerung vum Aarbechtsrecht a puncto Walrecht bei de Chambres professionnelles

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Merci och dem Rapporter. Mir begréissen als Piraten, datt mer hei d’Basis vun der CSL méi wäit opmaachen, an d’CSL huet dat jo och selwer begréisst. Deement- spriechend muss een net wäit am Detail siche goen. Hei geet et ëm Walen, a Wale sinn eppes, wat ele- mentar wichteg ass, fir seng Meenung kënnen ausze- drécken. Mir sollte frou sinn, an engem Land ze liewen, wou op Demokratie gehale gëtt a wou een eeben och net nëmme fir d’Chamber hei am Haus ka wielen, mee wou een eeben och nach eng Kéier sektoriell Vertrie- dungen huet, ob dat eng Chambre des Salariés ass oder aner professionell Kummeren.

An dofir ass et nëmme richteg, wann do méiglechst vill Leit kënne wiele goen. An dann hoffen ech just, datt heiduerjer dann och méiglechst vill Leit wäerte wiele goen. Op alle Fall ënnerstëtzen ech do d’Fuer- derung vu mengem Bänknoper hei, dem Marc Spautz, datt mer nach eng Kéier e bësse méi Wer- bung maachen, fir datt bei den nächsten CSL-Walen dann och méiglechst vill Leit participéieren.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt