Projet de loi 8143 iwwert d’Aféiere vun engem Fong fir den Ëmweltschutz

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Fir den Ëmweltschutz ass et wichteg, dass mer déi néideg Mëttelen hunn, an dat heiten ass dofir e gudde Projet, grad well en och kommunal elo wäert nei Dieren opmaachen.

Merci dem François Benoy fir dee gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Et waren heiansdo och méi turbulent fënnef Joer. Ech mengen, mir louchen

eis heiansdo och e bësse bei eenzelne Projeten an den Hoer, wou et dann e bësse méi turbulent war an heiansdo e bësse méi haart hiergaangen ass. Mee dat ass eeben och d’Roll e bëssen tëscht dem Presi- dent an der Oppositioun. Ech hat och heiansdo net genuch Gedold, well verschidden Ëmweltprojeten net schnell genuch virugaange sinn, esou wéi ee sech dat virgestallt hätt. An duerfir awer e grousse Merci fir Är Gedold mat de Kommissiounsmemberen, well ech ka mer virstellen, dass et als President net ëmmer ein- fach war.

An et ass richteg gesot ginn: Déi nächst Jore sinn ent- scheedend, do wäert nach ganz vill mussen nogeholl ginn! Merci.

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun