Projet de loi 8138 iwwert d’Ëmsetze vum éischten an zweete Punkt vum Accord salarial vun der Fonction publique vum 9. Dezember 2022

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Och mir wäerten den Accord esou matdroen. Mee ech wëll awer nach e puer Punkten opgräifen, déi wuel am Accord waren, déi zimmlech interessant waren a vläicht haut awer nach net erwäänt gi sinn.

De Staat muss gutt fonctionéieren, dozou sti mir Pira- ten och. An et ass och ganz kloer, dass, wann de Staat gutt Gehälter bezilt, een op där anerer Säit d’Gesamt- ekonomie och erëm dréien deet. Deementspriechend sinn déi 5 % ganz gutt.

Et dierf een awer bei där ganzer Diskussioun net ver- giessen, dass et och vill d’Staatsbeamte sinn, déi drën- ner gelidden hunn, wéi d’lescht Joer den Index net ausbezuelt ginn ass. Dat sinn net déi, déi kompenséi- ert gi sinn, mee dat sinn déi, déi den Index do verluer hunn an deen och ni méi wäerten erëmkréien. Dat war einfach eng Mesür, déi d’Regierung geholl huet, déi grad déi Beamten, déi elo gelueft gi sinn, getraff huet.

E ganz interessante Punkt an deem Accord ass de Punkt 8, wou et ëm d’gewerkschaftlech Fräiheete geet. Do steet am Accord, dass ee sech mam Minister wäert treffen, fir iwwert déi Fräiheeten, déi eng Ge- werkschaft huet, ze diskutéieren.

An do ass da meng Fro un de Minister: Gouf et da schonn esou en Treffen? Well et war jo an der rezen- ter Vergaangenheet esou, virun allem bei der Police, datt de Minister vun der Police sech hei an der Cham- ber dernieft beholl huet, sech ni entschëllegt huet an an d’gewerkschaftlech Fräiheeten agegraff huet. Gouf et dann esou Gespréicher? Koum dann an deem Ac- cord salarial, wou dat festgehale ginn ass, eppes der- bäi eraus? Well d’CGFP schreift dat jo net fir näischt. An d’Regierung huet och net fir näischt akzeptéiert, fir dat esou ze ënnerschreiwen. Do ass da meng Fro: Koum et dann zu deene Gespréicher? A wann net, wéini wäerten déi da stattfannen?

Well fir eis Piraten ass et ganz wichteg, dass dat, wat do bei der Police geschitt ass, net méi wäert stattfan- nen. An et ass och wichteg gewiescht, dass eng CGFP der Police do de Réck gestäipt huet.

D’Punkten, déi ginn elo gehéicht an 2024 fale se dann erëm op dat Normaalt zréck an do gëtt et dann

1,95 %. Mee do ass et awer esou, dass et ka sinn, wann een dat herno netto ausrechent, dass an der D3, D2 an esou weider déi Leit ouni den Index, dee se natierlech verdéngt hunn an deen derbäikënnt dëst Joer, kënne manner hunn, wéi virdru beim Ac- cord eigentlech erauskomm ass. Dat heescht, déi op deenen ënneschte Stufen, déi ginn elo dëst Joer gutt kompenséiert, wouzou mer stinn. Mee et kann awer sinn, dass se 2024 dann netto ënnert dee Montant falen. Et kënne 40 Euro de Mount sinn, wéi mer aus- gerechent hunn. Mee ass dann do net dru geduecht ginn, fir vläicht do eng Kompensatioun anzeféieren, dass déi Leit net herno manner hunn 2024, wéi se elo 2023 wäerten hunn?

Mir wäerten eis Zoustëmmung derzou ginn, mee mir maachen awer och nach eng Kéier drop opmierksam, dass et nach vill aner Punkte gëtt, déi mer an der Fonction publique kënne verbesseren. Huele mer do zum Beispill d’Chargé-de-coursen, déi leider an der Educatioun ëmmer erëm mat anere CDDen ofgefäer- degt ginn. Ech mengen, de Staat ass deen Eenzegen am ganze Land, dee ka méi wéi zwee CDDen ausstel- len. Si maachen dat ëmmer ganz kreativ. Et ass dann en neien Titel, dann däerf en neien CDD ausgestallt ginn. An déi Leit kréien och keen Iessensgeld.

Et sinn nach vill Punkten, déi ee kéint verhandelen an engem Accord. Dat heiten ass elo e gudden, mee och an Zukunft musse mer, fir eng staark Fonction publi- que, awer nach gewësse Punkte matverhandelen an nach eng Kéier nobesseren, och am Sënn vun der CGFP.

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an