M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer vu Gerechteg- keet schwätzen, da gehéiert e faire Loun fir eis Pira- ten do derzou. Ronn 67.000 Leit kréie momentan de Mindestloun. Vill Leit kommen domadder méi schlecht wéi recht iwwert d’Ronnen: Och wann de Portmonni eidel ass, bleift fir vill vun hinnen nach vill Mount Rescht. Eise Mindestloun misst dofir an eisen Ae steierfräi sinn, fir de Risiko vun de Leit, déi schaf- fen an an Aarmut liewen, esou kleng wéi méiglech ze halen, d’Working Poor ze reduzéieren.
D’Regierung huet an deene leschte Méint d’Erhéijung vum Mindestloun jo gären als en Effort vun hirer Säit duergestallt. D’Gesetz fir eng Erhéijung vum Mindest- loun, esou seet et de Code du travail, soll mat den Daten, déi dës Erhéijung rechtfertegen, der Chamber
virgeluecht ginn. Ech zitéieren den Artikel L. 222-2, den 2. Paragraf – vill 2en an deem Titel! –: „À cette fin, toutes les deux années, le Gouvernement soumet à la Chambre des Députés un rapport sur l’évolution des conditions économiques générales et des revenus accompagné, le cas échéant, d’un projet de loi pour- tant relèvement du salaire social minimum.“
Fir eis Piraten ass dat en Automatismus: D’Paie sinn an deene leschten zwee Joer geklommen, also klëmmt de Mindestloun, et sief, d’Regierungsparteie soen hei, si kéinte sech virstellen, vun der Regierung esou e Rapport virgeluecht ze kréien an d’Gesetz fir eng Erhéijung vum Mindestloun net ze stëmmen – jo, da wier et keen Automatismus!
Ech mengen, mir sinn eis awer all eens, datt mer op- grond vun deem Rapport ëmmer déi passend Mindest- lounerhéijung wäerte stëmmen an, wéi meng Virried- ner a Virriednerinnen et gesot hunn, och normalerweis unanime. Dofir ass et fir eis keng Leeschtung, mee, wéi d’Ausléise vun enger Indextranche, selbstver- ständlech – well an dësen Zäiten de Mindestloun net unzepassen, géif heeschen, nach vill weider Famillje méi no oder souguer bis an d’Aarmut ze drécken!
Här President, dofir ass dëst Gesetz, wéi schonn d’Upassung vum REVIS an dem RPGH e Minimum fir eis an dofir wäerte mer dëst Gesetz och matstëmmen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!