Projet de loi 8058 iwwert d’Finanzéierung vun engem ëffentlechen Déngschtleeschtungskon- trakt fir d’Exploitatioun vum ëffentlechen Transport vun der Eisebunn

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Fir dat deierst Gesetz, dat d’Chamber jee gestëmmt huet, hunn ech dann och de Wee bis hei erop gemaach!

Fir déi nächst 15 Joer wäerte mer elo iwwer 7 Mil- liarden investéiere fir e gudde Schinneverkéier, deen och ganz wichteg ass. Well jidderee beschwéiert sech ëmmer, wann en am Stau steet, mee mir kréien

d’Stroossen net esou schnell ausgebaut a mir wëllen och vläicht net esou schnell d’Stroossen ausbauen, wéi ee se misst ausbauen, fir de Stau opzehiewen. Dofir ass déi eenzeg Léisung, déi mer hunn nieft dem Bus, den Zuch. An den Zuch ass nun emol deen Trans- portmoyen, dee mer hei am Land hunn, mat enger héijer Capacitéit, dee schnell an effikass ka Leit vun där enger Plaz op déi aner am Land bréngen.

Dofir ass et fir eis Piraten och wichteg, dass mer hei eng Ausschreiwung gemaach hunn am spezielle Sënn, dass dat deemools bei der Europäescher Unioun verhandelt ginn ass. Ech ka mech do nach un den Europadeputéierte Georges Bach erënneren, dee sech ëmmer a senge Riede derfir agesat huet an am Euro- paparlament derfir agesat huet, dass Lëtzebuerg do eng Sonderreegelung kritt, well fir eis Piraten war et ëmmer ganz kloer: Eng CFL dierf net liberaliséiert ginn, eng CFL dierf net privatiséiert sinn an eng CFL soll vum Staat d’Ausschreiwung kréien!

Mir si vill ze vill kleng hei am Land, fir dass eng Privat- entreprise hei um Marché nieft enger staatlecher géif fonctionéieren, vun deene ganze soziale Problemer herno an den Aarbechtskrittären emol guer net ze schwätzen.

Wou mer scho beim Personal sinn: Ech hat rezent dem Minister eng Question parlementaire derzou gestallt, wéi et dann elo mam Statutt vun den CFL- Mataarbechter ass, well bekanntlech ass de Staatsrot an all sengen Avisen ëmmer der Meenung, dass dee Statutt misst geännert ginn, dass deen eigentlech als Fonctionnaire zum Deel misst unerkannt ginn an dass et do nei Reegele gëtt an dass et net wéi am Moment iwwert e groussherzoglecht Reglement erlaabt wär, weiderhin esou d’Personal vun der CFL an de Statutt ze setzen.

Leider gouf ech a menger Question parlementaire drop verwisen, dass déi nächst Regierung sech der- madder muss auserneesetzen. Fir eis Piraten wär et awer och kloer gewiescht, dass mer, wa mer 7 Mil- liarden an de Grapp huelen, vläicht och reegelen, wéi e Statutt dass d’Mataarbechter hunn, a vläicht dat net op déi nächst Regierung geschiibt hätten, mee dat deem- entspriechend och elo hätte kënne mat diskutéieren.

Fir eis ass et och kloer, dass den ëffentlechen Trans- port eng Qualitéit brauch. Lëtzebuerg kritt och elo nei Zich, Lëtzebuerg kritt och neit Personal. Et muss een awer och do ganz éierlech sinn a soen, dass mat deem rasante Wuesstum, dee mer hunn, einfach net schnell genuch bei der CFL konnt rekrutéiert ginn. Dat ass weeder e politesche Feeler nach ee vun der Verwaltung. Et konnt einfach net sinn, et sinn ein- fach net genuch Leit do. Wann ee kuckt, wéi eng aner Firmen a wéi eng aner staatlech Verwaltungen hei am Land souwisou och nach parallell rekrutéieren, ass d’CFL einfach net nokomm. A bei den Zuchma- schinnen ass dat fir eis zwar eng déck Commande gewiescht, mee fir déi Hiersteller ass dat eng mini Commande an deementspriechend ware mer och net esou schnell zerwéiert, wéi dat vläicht méi grouss En- treprisë wéi eng Däitsch Bunn sinn.

Wa mer den ëffentlechen Transport wëllen attraktiv gestalten, gehéiert dozou och eng Informatioun an do gehéiert och d’Mobilitéitszentral derzou. De Sven hat gëschter do eng interessant Question parlemen- taire gestallt, wou erauskomm ass, dass awer vill Reklamatioune sinn. Dat kann ee sécherlech nach verbesseren. Dat ass mer och scho selwer geschitt, dass beim Zuch entweeder den Display net fonctio- néiert huet oder an der App den Zuch net ugewise gouf. Bon, dat sinn alles informatesch Problemer, déi kënne geschéien. Mee wa mer awer gären d’Leit op en ëffentlechen Transport hätten, ass dat nun emol ze behiewen!

mercredi 22 mars 2023 14 | 15 Am Norden, et ass e puermol ugeschwat ginn, ass de

Problem mat den Tunnellen elo an Tëschenzäit, et ass net nëmme méi een. Mir haten och do eng Sëtzung vun der Chamberskommissioun vun der Mobilitéit, déi ech ugefrot hat a wou mer wierklech seriö a ganz gutt a kloer erkläert kruten, wat d’Problemer am éischten Tunnel waren. Bon, en hätt sollten opgoen. Dat ass eeben elo net de Fall. Ech wëll och net soen, dass de Minister oder iergendee Politiker derfir kann, dass den Tunnel net op ass, mee et ass awer d’Fro herno, wéi ee mat der Situatioun ëmgeet. Wéi sinn déi Ersatzbusser? Wéi ginn déi gestallt? Wéi kéint een de Leit awer entgéintkommen, wann eng Zuchstreck zou ass? Ech mengen, do sinn awer, diplomatesch ausgedréckt, nach vill Verbesserungsméiglechkeeten, well am Moment d’Leit aus dem Norden awer ganz vill Problemer hunn an déi Ersatzbusser och net esou fonctionéieren, wéi se sollen.

Am grousse Ganze gi mir eisen Accord. Dëst Gesetz ass gutt a wéi ech virdru gesot hunn, stinn och mir Piraten fir e gudden ëffentlechen Transport – awer aus staat- lecher Hand an net privatiséiert!

Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a