Projet de loi 8020, eng Ofännerung vum Gesetz iwwert d’Organisatioun vun de Marchéë vum Äerdgas a vum Elektresch

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Duo vun de Rapporteren, an dem Jessie Thill eng gutt Besserung.

An der Kommissioun hate mer de Projet virgestallt kritt. Ech hat e bësse Bauchwéi, wéi en erakomm ass, an ech hat manner Bauchwéi, wéi mer erëm eraus- gaange sinn, well ech hunn dem Minister e puer Froe gestallt. En huet eis eng Versuergungssécherheet quasi garantéiert. En huet gesot, dat wier alles kee Problem, soudass mer awer berouegt kënnen iwwert d’Summerméint an och an de Wanter goen.

A mir Piraten vertrauen dann der Regierung, dass mer net op iergendwellech Problemer stoussen. Esou krute mer dat jo an der Kommissioun erkläert, sou- dass d’Leit och wäerte gutt iwwert de Wanter kom- men an och nach déi nächst Méint doriwwer ewech.

E bësse méi Bauchwéi hunn ech elo mat der Motioun, well ech net wierklech verstanen hunn, wann an der Kommissioun alles schéin a gutt war a wann een eigentlech guer keng Problemer huet, dass een elo eng Motioun muss maachen. Ech mengen, dat sinn éischter esou déi éischt donkel Wolleken, déi kom- men. Mee mir vertrauen der Regierung.

Mir hunn elo e puermol an der Kommissioun héieren, dass dat alles gutt wäert goen, dass eng gutt Versuer- gungssécherheet ass, dass d’Bierger sech keng Suerge bräichten ze maachen. Deementspriechend schwätze mer haut eist Vertrauen aus, dass de Minister eis Bier- ger net wäert kal sëtze loossen.

Merci.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen