Projet de loi 8017 iwwert d’Erwei- derung vum Pappecongé fir d’Independanten an d’homosexuell Koppelen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci als Éischt och un de Rapporter fir de mëndlechen a schrëftleche Rap- port. Déi zéng Deeg staatlech bezuelte Congé, déi e Papp an enger heterosexueller Koppel bis elo krut, fir no der Gebuert vun engem Kand no der Mamm andem Neigebuerenen ze kucken, waren nach ni vill. Dat si grad emol zwou Wochen; zwou Wochen, fir sech an engem ganz neie Liewensofschnëtt erëmzefannen, zwou Wochen, wou een als Mamm – eventuell nach geschwächt vun der kierperlecher a mentaler Be- laaschtung vun der Gebuert; vläicht verzweifelt, well et mam Stëllen net esou klappt, wéi een dat geplangt hat; vläicht iwwermidd an um Erdrénken an dreckege Pamperssen – weess, datt ee sécher net eleng do derduerch muss – zwou Wochen. Vis-à-vis vun där Erausfuerderung sinn zwou Wochen näischt. Mee et ass awer ëmmerhin emol dat: zwou Wochen, wou de Papp doheem konnt ënnerstëtzen.

Gläichgeschlechtleche Koppelen an Independantë waren nämlech souguer dës zéng kuerz Deeg bis elo net zougänglech. Datt dat ganz offensichtlech eng inakzeptabel Ongläichbehandlung war, muss ech sé- cher net laang erklären. An et sot jo souguer Bréissel, datt dës Ongerechtegkeet misst duerch d’Ëmsetzung vun dëser Direktiv geännert ginn.

An och wa mir Piraten der Meenung sinn, datt déi zéng Deeg, déi hei am Text proposéiert ginn, bei Wäitem nach net duerginn, wäerte mer dëst Gesetzselbstverständlech matstëmmen. Well hei muss een einfach soen: All Dag zielt, wann et drëms geet, e Puppelche bei sengem Start an d’Liewe begleeden ze kënnen.

Dofir fanne mer et och ganz schued, datt d’Inde- pendanten zwar sollen zéng Deeg Congé huele kënnen, dovunner awer just aacht iwwerholl ginn, soudatt déi reschtlech zwee awer aus eegener Täsch

virfinanzéiert respektéiert komplett finanzéiert musse ginn. Am Endeffekt gëtt esou also eng nei Ongläich- behandlung geschafen, amplaz ee fir alle Mol all d’Ongerechtegkeeten aus dem Wee ze raumen.

Wa mer an e Gebuertscongé investéieren, dann in- vestéiere mer an déi Klengst a Vulnerabelst vun eiser Gesellschaft an dann investéiere mer och a Gläich-berechtegung. Soulaang wéi mer et de Partner a Partnerinnen net erlaben, geneesou laang doheem- zebleiwen no der Gebuert vun engem Kand wéi deMammen, zementéiere mer weider d’Iddi, datt de Partnerinnen a Partner hei just eng ënnergeuerdent Roll zoukënnt.

Da kann den Egalitéitsministère esou vill Suen an de Grapp huelen, wéi e wëll, fir schéi faarweg Campagnë géint Stereotyppen: Esoulaang d’Aarbechtsopdeelung doheem esou ausgesäit, datt d’Mamm sech vum Ufank u méi ëm Haus a Kanner këmmere soll, jo, muss, well d’Partnerin oder de Partner nees schaffe muss, ginn d’Mammen an eng Roll gedrängt, fir déi si sech net onbedéngt fräi entscheet hunn. Wann d’Aufgaben doheem schonn direkt am Ufank net gerecht verdeelt gi wéinst engem ze fréie Retour op d’Aarbecht, dann ännert dat sech duerno oft just nach ganz seelen. Do- fir setze mir Piraten eis fir de Gebuertscongé vun dräi Méint an, dee parallell zum Congé de maternité soll lafen an et de Famillje kéint erméiglechen, d’Aufgabe vum Ufank un esou ze deelen, wéi si et fir richteg ha- len.

Leider si mer haut nach esou wäit dovunner ewech an amplaz vun dräi Méint stëmme mer haut dann emol zéng, voire aacht, Deeg. Mee wéi gesot: Et zielt all Dag, an dofir ginn ech den Accord vun de Piraten.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister