M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport. Et ass natierlech ëmmer flott ze gesinn, datt e Projet awer och e gewëssenen Interêt generéiert, datt d’Leit bis an d’Stad kucke kommen an net nëmme virun der Tëlee kucken, esou wéi ganz vill vun eis dat beim Tour de France maachen an dat da virun der Tëlee kucken – Presence an der Chamber oblige!
Ech kéint elo soen, datt ee ganz vill Guddes um Vëlo- drom kann aussetzen, an ech mengen, dat gouf vun all menge Virriedner a Virriednerinne gesot. Ech kéintalso nach eng weider Lobeshymn drop schwätzen a sangen, dass mer elo 60 Joer gebraucht hunn, fir hei erëm weiderzekommen. Ech kucken awer deem Projet och e bësse mat gemëschte Gefiller entgéint. Keng Angscht, mir wäerten en herno matstëmmen, mee erlaabt mer awer zumindest, e puer Froen
opzewerfen. Net, well ee géint e Vëlodrom wier – ech mengen, dat Wichtegt ass, all Sportaart déi adequat Infrastrukturen ze ginn –, mee wien den Exposé des motifs liest an och dem Rapporter nogelauschtert huet, dee weess jo e bëssen, dass de Werdegang vun deem Projet e bëssen, ech sinn elo fein a soen, „mou- vementéiert“ war. Sou.
Den éischte Punkt ass natierlech: Wann et esou mou- vementéiert ass, heescht dat, datt et laang gedauert huet. An ech mengen, mir hätten hei e bësse méi séier kënne virukommen. An ech erënneren einfach emol un de Projet zu Zéisseng. Dee Projet sollt ronn zwielef Milliounen Euro kaschten. Zwielef! An en ass falegelooss ginn, well et deemools wirtschaftlech net esou super war, d’Situatioun war e bësse schwiereg an dunn huet ee gesot: „Zwielef Milliounen, dat ass ze vill, et ass ze deier, mir kënnen dat net finanzéieren“, an du gouf et net gemaach. An dat ass e bëssen iro- nesch, wann ee bedenkt, datt, wa mer et deemools fir zwielef Millioune gebaut hätten, mer et haut net missten …
(Interruption)
Estiméiert, jo.
Da misste mer elo net iwwert deen heite Projet an iw- wert déi haiteg Käschte schwätzen. D’Envergure vum Projet haut ass och e gutt Stéck méi grouss an dofir ass et och, mengen ech, richteg, datt mer et gemaach hunn.
Du gouf et op eemol de Projet vun där Kockelarena, och vun där gouf scho geschwat, wou ee villes hätt kënne fusionéieren. Ech si ganz éierlech, ech hätt enggewëss Sympathie gehat, wann ee Liichtathleetik, Vë- lodrom a weideres hätt kënne fusionéieren. Ech halen dee Projet awer, Stand haut, nach ëmmer fir eppes, wat gutt um Pabeier geklongen huet, awer an der Realitéit schwéier mat Liewen ze fëlle gewiescht wier. E wier awer besser ugebonne gewiescht an – ech mengen, dat huet de Max Hengel virdrun zurecht ge- sot – et geet hei och drëm, datt mer d’Sportlerinnen an d’Sportler elo dohinner kréien.
An dann den zweete Problem … oder net Problem, sou soll een et net nennen, mee dee Punkt, wou ech awer liicht Bauchwéi hunn, dat ass, datt mer d’Infra-strukture fir d’Liichtathleetik aus deem heite Gesetzes- projet erausgeholl hunn an an engem zweete Projet maachen, anstatt datt mer et hätte kënnen an engem Coup maachen. Dat ass ok. Ech hätt mer gewënscht … Mir schwätze jo driwwer, wat an dem Banneberäich vum Vëlodrom geschitt, déi dräi Sportsterrainen, déi Multisportsurfacen. Ech hätt mer gewënscht, wa mer am Virfeld do e bësse méi am Detail …, datt mer alles schonn hei an deem Projet hätten. Ech weess awer, firwat dat esou ass, ech kann och ganz gutt domadder liewen.
An ech sinn och frou – an dat wëll ech dann awer positiv soen, ech wëll elo hei net nëmmen negativ kléngen –, et soll ee positiv soen: Am Ëmkrees vun 250 Kilometer wäert ee keng vergläichbar Infrastruk- ture fannen. Dat ass e Liichttuerm fir de Lëtzebuerger Sport. Wann eis Sportlerinnen a Sportler um Vëlo, am Suedel, net scho Liichttuermfunktioun genuch hätte fir de Lëtzebuerger Vëlossport, da wäert dee Vëlodrom op alle Fall derfir suergen, datt et nach e bësse méi hell liicht. An deementspriechend sinn ech ganz frou, datt mer dee Projet haut kënne stëmmen, och wann en dann nëmmen 1.000 Leit op der Tribün huet a keng2.500.
Ech soen Iech Merci.