M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de virleiende Projet huet a grousse Linnen d’Inhalter aus direkt zwou Gesetzespropositioune vun de Piraten iwwerholl. An dofir wäert et och wuel kee wonneren, datt mir haut deen Text matstëmmen.
Schonns am Juni 2019 hate mer als Piraten eng Ge- setzespropositioun agereecht, déi d’Zil hat, den Date- schutz an de Walcampagnen ze verbesseren an et de Gemengen ze verbidden, Kopië vun den integrale Wallëschten u Privatleit an domadder och un d’Par- teien erauszeginn.
Bal dräi Joer méi spéit gouf dës Reegelung du mat engem Amendement an de virleiende Projet agebaut, wat eis engersäits natierlech ganz frou mécht, mee zugläich awer och weist, wéi ongär d’Regierungspar- teie mat den Oppositiounsparteien zesummeschaf- fen. Eise Projet louch zanter 2019 vir. Firwat hu mer also dräi Joer misse waarden, fir dës Dispositioun ze stëmmen, ee Saz ze änneren? Just well op en Text vun der Regierung gewaart ginn ass?
(Interruption)
Mee d’Regierung ass net de Gesetzgeeber, mee mir, d’Chamber!
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
A mir haten net nëmmen en Text fir den Dateschutz am Zesummenhang mat de Wallëschte virleien, éier d’Regierung aktiv ginn ass, mee och en Text, dee sech, genee wéi elo dee vun der Regierung, mam Walrecht bei de Gemengewale beschäftegt huet, en Text, deen och vun eis agereecht ginn ass. An trotzdeem gouf decidéiert, op de Regierungstext ze waarden an domat Doublanten ze erschafen, amplaz gemeinsam un deene schonn deposéierten Texter an der Prozedur ze schaffen.
Datt dann och nach am Rapport vum virleiende Projet mat kengem Wuert ernimmt ginn ass, datt d’Inhalter vun dësem Projet zum Deel als Éischt schonn an anere Gesetzespropositioune stoungen, déi deposéiert wa- ren hei am Haus, dat fanne mer bedauerlech!
Hei gesäit een, wéi strateegesch Iwwerleeungen iw- werweien an ee léiwer laang op eng Gesetzesänne- rung waart, amplaz mat der Oppositioun konstruktiv zesummenzeschaffen. Mee trotz den onglécklechen
Hannergrënn vun der Aarbechtsweis an dësem Dos- sier freeë mer eis, wéi gesot, doriwwer, datt dëse Projet haut dann endlech gestëmmt ka ginn.
Néierens ass d’Politik esou no beim Bierger wéi an de Gemengen. Duerfir mengen d’Piraten och, datt d’Chance, bei de Gemengewalen dierfe matzewielen, eng wichteg Méiglechkeet ka sinn, fir Matbierger mat auslänneschen Originne fir d’Lokalpolitik an duer- no fir d’Politik am Allgemengen ze begeeschteren. Wann ee vu virera weess, datt ee kee Matsprooche- recht huet, dann ass et net verwonnerlech, wann den Interessi un der Politik net grouss ass. Mee do- duerch, datt een den auslännesche Matbiergerinnen a Matbierger vun Ufank un erlaabt, déi lokal Politik matzegestalten, esou wéi et an dësem Projet de loi virgesinn ass, motivéiert ee se och, sech mat hirer Gemeng auserneenzesetzen. An dat hëlleft och bei enger gelongener Integratioun.
Fir sécherzestellen, datt och all auslänneschen Awun- ner vun enger Gemeng weess, datt et d’Méiglechkeet gëtt, sech op d’Wallëschten anzedroen, hate mer an eiser Proposition de loi e bësse méi wäit gegraff a ge- sot, et misst een obligatoresch gefrot gi bei der Umel- dung, fir sech anzeschreiwen. Dat huet d’Regierung net zréckbehalen. Bon, et ass dee klenge Bemoll un deem heiten Text par rapport zu eise Propositiounen. Mee grad a klenge Gemenge kann et fir Persounen, déi Büroszäite schaffen, jo scho méi schwéier sinn, zu den Ëffnungszäite vun der Gemeng kënne laanschtze- goen. An do wär et da méi einfach gewiescht, wann ee bei engem Besuch direkt zwou Demarchen hätt kënne maachen.
Dës Propos vun der obligatorescher Opklärung, hunn ech scho gesot, gouf net zréckbehalen. An esou bleift et de Gemengen iwwerlooss, wéi vill si opkläre wëllen oder eeben och net. An déi eng wäerten einfach nëm- men e Flyer maachen a soen: „Mir hu jo awer infor- méiert“, an déi aner wäerte méi aktiv ginn.
Mir vertrauen hei natierlech drop, datt déi meescht Gemengen hiert Bescht wäerte maachen, fir d’Leit ze erreechen. Mee mir fannen et eeben, wéi gesot, bedauerlech, datt ee sech hei engem weideren Outil beraubt huet.
Ville Leit gëtt haut nämlech ëmmer eréischt bewosst, datt Wale virun der Dier stinn – an dat huet och de Rapporter gesot, merci nach fir den ausféierleche Rapport, souwuel mëndlech wéi och schrëftlech –, déi meescht Leit gi sech eréischt bewosst, datt Wale sinn an datt ee sech jo awer hätt missen aschreiwen, wann dann déi éischt Plakater opgehaange ginn, wann déi éischt Flyere verdeelt ginn, also wann, jo, wann et no deem aktuelle Gesetz ze spéit ass. An dat wäerte mer mat deem heite Gesetz änneren an ech hoffen, datt duerch d’Verschibe vun deenen De- laie sech och tatsächlech da méi Leit wäerten androe loossen.
Et muss een awer och do éierlech mat sech selwer sinn, datt jee nodeem, wéini déi eenzel Parteie wäer- ten ufänke mat hire Campagnen, et och dann nach vläicht ze spéit ka sinn. Bon, dat zum Walgesetz.
Da gëtt et awer nach en zweete Volet, an dat ass de Volet vun der ALIA. Bon, ech hätt ganz éierlech och léiwer gehat, mir hätten déi Saachen an zwee ver- schiddenen Texter behandelt, well dat hätt et awer méi einfach gemaach, fir och circonstanciéiert iw- wert déi eenzel Saachen ze schwätzen, anstatt et hei zesummenzefaassen. Och wann et iergendwou zesummegehéiert – mee just, well et mat de Walen ze dinn huet –, heescht dat net, datt een et muss an een Text puchen. Et wär, mengen ech, gutt gewiescht, grad och, well d’ALIA selwer eng ganz Rëtsch Froen
opgeworf huet iwwert deen neie Rôle, dee se kritt, fir dat nach eng Kéier à part ze behandelen.
Mir fannen et grondsätzlech gutt, datt mer sou e „watchdog“ iwwert d’Campagne kréien. Mee wéi d’ALIA selwer an hirem Avis duergestallt huet, geet d’Beschreiwung vun den Aufgabe vun der ALIA am neien Text net duer, fir dat eigentlecht Zil ze erreechen, nämlech eng fair a gläich Representatioun vun de Parteien an de Medien ze garantéieren.
D’Limitatioun vun der Kontroll op Medien, déi d’Mis- sioun vun engem Service public ausféieren, ass ex- treem begrenzt. Hei fale vill Medien duerch de Raster, an dorënner och zum Beispill Lokalradioen a Gemen- gekanäl, wou am Walkampf ganz vill politescht Ma- terial gesent gëtt, an dat oft ënnert der alengeger Kontroll vun deene Parteien, déi an der Gemeng grad um Steier sëtzen. Dat ass keng equitabel Situatioun.
An engem ganz limitéierte Beräich kann de virleien- den Text d’Gläichbehandlung vun de Parteien am Walkampf zwar verbesseren, mee iwwert dëse Be- räich eraus bleift nach ganz vill onreguléiert Medie- presenz iwwreg.
Mir Piraten denken duerfir, datt et dréngend nout- wendeg wier, an Zesummenaarbecht mat Politik a Mediewëssenschaft, esou wéi dat no all Wal souwi- sou gemaach gëtt, déi kommend Walkämpf vun de Gemengen- an Nationalwale vun Experten evaluéie- ren ze loossen. Esou kéint een eng Basis schafe fir ze erkennen, wéi eng Medie vun de Parteien am Wal- kampf wéi genotzt ginn a wou et nach Ongläichheete gëtt, Ongläichheeten, déi eng gesetzlech Regula- tioun, a soumat eng Upassung vum Gesetz, néideg géife maachen.
Wéi schonns ugekënnegt wäerten d’Lacunnen um Niveau vun der Iwwerwaachung vun de Medien am Walkampf eis haut awer net dovunner ofhalen, dë- sen Text matzestëmmen. Mir sinn der Meenung, datt een op alle Fall an Zukunft nach eemol op dëse Punkt zréck sollt kommen, wann een déi Evaluatioune bis gemaach huet. Mee en attendant wëlle mer den Upassunge vum Walrecht fir Auslänner op Gemen- genniveau an dem Ausbau vum Dateschutz net am Wee stoen. Ëmmerhin hu mer dat selwer hei virge- schloen.
Ech ginn heimadder also den Accord vun de Piraten an ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.