Projet de loi 7767 iwwert d’Reorgani- satioun vum ILNAS

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse

Merci un d’Rapportrice Francine Closener fir den aus-

féierleche mëndlechen a schrëftleche Rapport.

Wéi si et scho gesot huet, soll mat dësem Text den ILNAS moderniséiert ginn. Et geet hei ëm Reformen, déi op EU-Niveau decidéiert goufen an déi sollen nei Kompetenzen un eisen ILNAS bréngen. Wann een dann nach héiert, datt Gesetzer aus dem 19. Joerhon- nert an aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert abrogéi- ert ginn, da weist dat, datt dat definitiv eppes war, wat vläicht iwwerfälleg war. Vläicht waren déi Ge- setzer och deemools esou gutt geschriwwen, datt een ni huet eppes missen drun änneren. Mee ech menge ganz, datt et hei sënnvoll ass, nei, jo, méi modern Ge- setzer ze stëmmen.

En Deel vun de Kompetenzen, déi – an dann, op europäeschem Plang heesche se net ILNAS, mee d’INASen – solle kréien, huet en am Praktesche jo schonn. Dofir gëtt et elo just Zäit, datt mer dat dann och am Gesetz maachen, u sech d’Gesetz deem upas- sen, wat et um Terrain gëtt. Normalerweis musse mer den Terrain un d’Gesetz upassen. Hei war et emol eng Kéier ëmgedréint. Hei ass et eppes ginn, wat schonn um Terrain gemaach gouf, wou d’Gesetz einfach nach hannendrugehippt ass.

Mir Piraten begréissen an deem Sënn d’Upassung, wat d’Strofen an d’investigativ Pouvoire vum ILNAS ugeet. Grad bei Produiten, déi hei zu Lëtzebuerg ver- kaaft ginn, ass et immens wichteg, datt mer effektiv Kontrollen hunn. Dëst virun allem, wa mer vu Pro- duite schwätzen, mat deene Kanner a Kontakt kom- men.

An den USA stierwe schätzungsweis all Woch zwee Kanner wéinst falende Miwwelen – also ëmfalende Miwwelen, muss ee soen. A leider net nëmmen do. Dëst ass e grousse Risiko weltwäit, well vill Leit hir Schief net un der Mauer festmaachen, och wann et esou an den Handbicher vum Opbaue steet. Virun allem eng Kommoud, duerch e schweedeschen Hier- steller, ass da schonn oft an den Noriichte gewiescht, wou Kanner verletzt goufen oder gestuerwe sinn, well se an Tiräng geklomme sinn. Dofir sinn ëmmer méi staark Kontrollen a méi staark Warnhinweiser och un déi Leit, déi se opbauen, immens wichteg. Si schützen nämlech net nëmmen eis Gesondheet, mee kënnen ënner Ëmstänn esouguer Liewe retten.

Dat gëllt net nëmme fir Produiten, déi een iwwer Internet ka bestellen oder selwer opbaut, mee och fir Saachen, déi ee fäerdeg hei an de Butteker keeft. Vill Konsumentinnen a Konsumente si sech däers net be- wosst. An dofir brauch et eebe grad eng staark Kon- trollinstanz, déi d’Leit virun esou Saache schützt.

Dofir, Här President, ënnerstëtze mir Piraten dëse Gesetzesprojet, well och Lëtzebuerg brauch esou eng staark Kontrollinstanz. D’Piraten sinn der Meenung, datt duerch dës weider nei Pouvoiren den ILNAS nach besser ka schaffen. An dofir wäerte mir dëse Projet matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren