Projet de loi 7749 iwwert de Radio 100,7

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mam Projet de loi gëtt den „Établissement public de radiodiffusion socio- culturelle“ dann elo offiziell zum „Média de service public 100,7“. Esou kritt den 100,7, oder de „Geheim- radio“, wéi e sech da selwer scho mol genannt huet, e gesetzleche Kader, deen d’Kontinuitéit vun der Insti- tutioun assuréiert, seng Missioune preziséiert a seng Gouvernance a säi Finanzement emol méi oder man- ner kloer festhält.

Mir Piraten stëmmen haut fir dëse Projet. Mee mir mussen och kloer soen, datt eis e puer Punkten net esou gutt gefalen a mir fannen, datt een hei hätt solle méi wäit goen. D’Lëtzebuerger Medielandschaft gëtt scho säit Längerem vun engem groussen an e puer weideren – et misst ee soe „wéinege weideren“ – Ac- teuren dominéiert. Dat ass evident.

Stellen d’Printmedie gläichzäiteg nach ëmmer eng wichteg Informatiounsquell duer, sou ass de Constat

vun hirem Réckgang net ze verneinen an alldeeglech ze gesinn. Grouss international Haiser kafe klenger op an och ëmmer méi Printmedie stellen hir Pabeier- editioun an a setzen elo verstäerkt op d’Online- kommunikatioun. Dat alles sinn Unzeeche fir eng sech mat der Zäit verännerend Medielandschaft.

Mat all dëse Phenomeener beschäftege sech dann och d’Reporters sans frontières, RSF, déi hire järleche Rapport verëffentlechen, deen op d’Verännerungen an der Mediewelt ageet a weltwäit d’Pressefräiheet op de Leescht hëlt. 2013 louch Lëtzebuerg hei op enger exzellenter véierter Plaz. Mëttlerweil si mer awer op eng net méi ganz esou exzellent 21. Plaz erofgerutscht, woubäi mer eis als „gutt“ beschriwwe Situatioun fir e „satisfaisant“ hu missen ofginn.

Leider schéngt dës Verschlechterung eis Regierung awer nach wéineg beweegt ze hunn. Op eng parla- mentaresch Fro zu dësem Theema hat de Minister nämlech erkläert, datt hien net wéisst, wéi dëse Ranking zesummekënnt, obwuel een direkt um Site vun RSF eng de wëssenschaftleche Standarden ent- spriechend Methodologie fënnt. Entweeder gouf also hei wéineg Zäit an den Dossier investéiert oder mir schwätzen erëm iwwer wëssenschaftlech Methodo- logien. Bref!

Beklot gi vun RSF wéi och vun der ALJP déi lues traitéiert Informatiounsufroen tëscht der Press an der Regierung, wourun och déi rezent beschloss Ännerungen – „Circu- laire Bettel 2“ muss een da mëttlerweil wuel soen – net onbedéngt vill verbessere wäerten.

D’Piraten hunn do eng ganz kloer Positioun, an zwar, datt Journalistinnen a Journalisten e vollstännegen an och transparenten Informatiounszougang muss gewäert ginn. Mir haten d’Diskussioun virdru schonn. D’Journalisten hunn, mengen ech, do heiansdo deen nämmlechte Problem wéi d’Deputéiert.

Zousätzlech muss och d’Onofhängegkeet vun de Me- dienassuréiertginn.AnochheigesimernachPoten- zial fir Verbesserungen. An der Äntwert op déi schonns ugeschwat Question parlementaire hat de Minister am Kontext vum 100,7 heizou geschriwwen, ech zitéieren: „D’Reform vum Radio 100,7 mam neien Artikel iwwert d’Onofhängegkeet am Projet de loi stäerkt d’Presse- fräiheet zousätzlech.“ Zitat Enn. Mee wéi eng Onofhän- gegkeet ass da genau gemengt?

An zwee Avisen, an deem vun der EBU an an deem vun der ALIA, gëtt spezifesch e Mangel un Onofhän- gegkeet duerch den Artikel 8 kritiséiert. Well hei heescht et nämlech: „Le conseil d’administration […] approuve l’orientation générale des programmes et la grille des programmes sur proposition du direc- teur général.“ Mat esou enger Dispositioun gëtt een dem Conseil d’administration e grousse Pouvoir am Daily Business vum 100,7. An esou muss ee sech dach awer d’Fro stellen: Vu wat fir enger Onofhängegkeet schwätze mer hei nach wierklech?

D’ALIA wéi och d’EBU betounen hei, datt den CA sech op d’Orientation stratégique limitéiere sollt a sech net duerch d’Approbatioun vun der Grille des pro- grammes an d’Activité journalière vum 100,7 amë- sche sollt. Dat war iwwregens och d’Diskussioun an der Kommissioun an ech mengen, datt d’Oppositioun dat opgeworf huet an och nach eng Kéier op d’Avise vun der EBU an och vun der ALIA verwisen huet. Béid Organisme soen nämlech och, datt dat misst de Rôle vun der Direktioun oder vum Chefredakter sinn, mee net vum CA, well just esou eng tatsächlech Onofhän- gegkeet och kéint garantéiert ginn.

Bei „Chamber aktuell“ huet den honorabelen Depu- téierte Guy Arendt zwar probéiert kloerzestellen, datt hei eng kloer Trennung géif gemaach ginn, datt een, falls dann awer e Konflikt géif opkommen, dat jo

ënner, ech zitéieren e wuertwiertlech: „verstännege Leit“, Zitat Enn, ausdiskutéiere kéint. Mee eng propper Gesetzesbasis wär hei awer vläicht de bessere Choix gewiescht, wéi drop ze bauen, datt et am Fall vu Kon- flikter nach verstänneg Leit gëtt. Anescht bräicht ee jo an Zukunft guer keng Gesetzer méi ze stëmmen an et misst ee just nach drop hoffen, datt mer jo alles ën- ner verstännege Leit ausdiskutéiere kënnen. Dat kann dach net d’Approche vun der Legislativ sinn!

Mir hätten eis fir den 100,7 also definitiv eng méi kloer an ambitionéiert Gesetzesbasis gewënscht. Mee trotz de Problemer, déi mer am aktuellen Text nach gesinn, wäerte mer dëse Projet haut matstëmmen, well mer de fir eng pluralistesch Medielandschaft wichtegen Aktivitéite vum 100,7 och net am Wee stoe wëllen. Mir brauchen eng gesetzlech Basis a wann dat heiten deen eenzege Konsens ass, dann droe mir deen och mat, an der Hoffnung, datt e vläicht an Zu- kunft nach besser gëtt.

An da just e lescht Wuert vläicht zum Theema, datt den 100,7 tendenziéis géif berichten, d’„woxx“, als e méi klengt Blat, huet 2019 an 2020 eng Auswäer- tung vun den Invitéë vum Dag beim 100,7 gemaach. A wann et eng Tendenz gëtt, déi vläicht tatsächlech noweisbar ass, dann ass et déi, datt nach ëmmer ze wéineg Fraen invitéiert ginn.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | 2019 waren et knapps 20 % an 2020 waren et knapps 30 %, eng schéi Pro- gressioun, mee sécherlech nach net do, wou se miss- ten hikommen. An dat ass vläicht déi Tendenz, un där den 100,7 nach ze schaffen huet.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an