Projet de loi 7479A, eng Ofänne- rung vum Konkurrenzgesetz

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’éischt emol wollt ech der Rapportrice Merci soe fir dee ganz gudde Rapport zu engem dach schwieregen Dossier, zu deem net nëmme vill Diskussiounen an der Kommis- sioun waren, mee och virun allem vill Avise bei der Chamber agaange waren.

Haut kënnt dann no dräi Joer op d’mannst en Deel vum Gesetz zur Autorité nationale de concurrence an d’Plenière. D’EU-Direktiv gouf well Enn 2018 ënner- schriwwen an hei an der Chamber koum se dunn am Oktober 2019 un. Mir si mat … an da kucke mer eng Kéier, mat wiem mer am Moment déi Länner sinn, déi se nach net ëmgesat hunn: Polen, Estland a Slowe- nien. Mir sinn also net déi Éischt, déi dat heiten ëm- setzen. Dat ass et elo mol léif ausgedréckt.

D’EU-Kommissioun huet och well eng Prozedur géint eis gestart, well mer d’Direktiv nach net ëmgesat hunn, an zu deem neien, morcelléierte Projet 7479B hu mer nach näischt virleien. Ech fäerten, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, dass d’EU-Kommissioun eis d’Ëmsetze vum 7479A, also deem heite Gesetz, net wäert gutthalen, datt Lëtzebuerg deemno wéi awer nach ferm Strofe bezuele muss.

Verschlëmmerend kënnt dann nach derbäi, datt mer hei am héijen Haus schonn am Februar d’lescht Joer e Gesetz gestëmmt hunn, dat ouni d’Ëmsetzung vun deem heiten Text guer net fonctionéiert. Den deemo- lege Gesetzesprojet 7537 – Dir gesitt et un den Num- meren, deen ass tatsächlech no deem heite Projet deposéiert ginn, awer virun dësem Projet gestëmmt ginn – zum Schutz fir Firme viru Website Providers oder Search Engines huet nämlech op de Konkurrenz- rot als Établissement public gewaart. Dat heescht, mir kënnen da lo endlech och e Gesetz applizéieren, wat mer scho virun iwwer engem Joer gestëmmt hunn.

Hei huet d’Chamber – an do musse mir eis och an d’Verantwortung huelen – hir Aarbecht u sech net rich- teg gemaach, well mir hunn e Gesetz gestëmmt, ouni datt d’Predispositiounen derfir do gewiescht wären. A bei deem heite Gesetz, muss ech och soen, war de Staatsrot net ëmmer déi gréisst Hëllef, well mir hei- ansdo gehofft haten, datt dann d’Haute Corporation géif mat enger Textpropos kommen, nodeem se eis eis Kopie gestrach hat oder gesot huet: „Dat do geet guer net“, mee mat enger Léisung si se och net komm. Also si hu wierklech ëmmer nëmmen op d’Feeler higewi- sen, awer net wierklech Léisunge proposéiert. Nichts- destotrotz, den Delai ass, mengen ech, ze laang.

Et ass also aus ville Grënn onerlässlech, datt dëst Ge- setz haut kënnt. Dat ass e wichtegt Gesetz, wat illegal Präisofsproochen a Monopoler soll ënnerbannen.

De Projet vun engem Établissement public gëtt och vun alle Beruffskummeren, dat gouf scho gesot, a soss Acteuren, déi eis Avise geschéckt hunn, begréisst, wat weist, datt et e Besoin fir déi Institutioun gëtt.

Mir sinn nämlech och hei zu Lëtzebuerg net virun Oligopol- a Monopolstellunge gefeit. An ech erlabe mer, e Beispill ze ginn. Eise Staat ass als Aktionär deelweis och mat responsabel an esou engem. E Beispill ass d’Enovos: D’Enovos bedéngt eng ganz

Wäertketten, ouni datt eng extern Firma, zum Bei- spill e klengen onofhängegen Elektrikerbetrib, muss mat an d’Spill kommen. Si kann also sou komplett déi Ketten duerchdréngen: Stroumfournisseur; Solaran- lage plangen; hëllefen, Demandë maachen; se kënne souguer mëttlerweil Luuchten ersetze kommen, hunn ech mer ziele gelooss; also u sech alles inhouse – vum Devis bis zum Prêt bis zur Ëmsetzung.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

An zu gudder Lescht, da gëtt och nach d’Maintenance mëttlerweil offréiert. Hei ass de Staat also mat an enger de facto … zumindest ënnerstëtzt e quasi e Monopolist. Dat gouf och scho vun der Fédération des artisans an hirem Avis kritiséiert.

EnanertBeispillsinndannd’Kontrakter,déidéiver- schidde Béiersproduzente mat de Cafetieren hunn; eppes, wat de Conseil de la concurrence schonn 2019 kritiséiert huet. An un dëser Situatioun huet sech dann och dräi Joer méi spéit net wierklech eppes ge- ännert. Hei gëllt et also, an der Zukunft besser opze- passen, wat d’Zesummeschlëss vu Firmen ugeet an déi méiglech Konsequenzen dovunner. Well et kann net sinn, datt Leit mat Produite wëllen op Lëtzebuerg kommen a sech dorunner heurtéieren, datt se u sech d’Dieren zougeschloe kréien, well Monopolstellunge respektiv dominant Maartpositiounen ausgenotzt ginn.

Leider ass bei deem heite Projet de Contrôle ex ante duerch de Konkurrenzrot net virgesinn an och am 7479B net; eppes, wat ënner anerem d’Chambre des Métiers awer och gefrot hat.

Mir kënnen eis hei net nëmmen op den europä- esche Mechanismus verloossen, well dee vill ze spéit an nëmme bei vill ze grousse Firme gräift. An ech mengen, datt dat och zu Lëtzebuerg heiansdo néideg wier, well en Agräifen an de Marché, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir en Equiliber tëscht Offer an Demande gëtt et net eréischt ab engem Chiffre d’affaires mon- dial vun iwwer fënnef Milliarden Euro. Do gesi mer, datt déi wéinegst Betriber hei zu Lëtzebuerg betraff wären.

En Aushielege vun dem fräie Marché gëtt et op allen Niveauen. Dat kënne kleng PMEe sinn, dat gouf och virdru vum Léon Gloden gezielt, oder de Staat, mee et kënnen och Multinationalle sinn. Dofir fanne mir Pira- ten et och falsch, datt d’Autoritéit hei d’Méiglechkeet kritt, fondéiert Plainten ofzeweisen, einfach nëmme well et an den Ae vum Conseil keng Prioritéit ass.

Do hätte mer eis dach awer och gewënscht, datt, wa Präisofsprooche virleien, d’Envergure dann u sech zweetrangeg ass. Et handelt sech ëm e méigleche Verstouss géint nationaalt an europäescht Recht, an deem muss een nogoen. Eng Meenung, déi iwwre- gens da vun der Landwirtschaftskummer – an Dir gesitt, et waren tatsächlech dës Kéier vill Avisen, aus deenen een zitéiere kann – matgedroe gouf. Wa méi Leit gebraucht géife ginn, fir Affären nozegoen, well et der esou vill géife ginn – mir hoffen et jo net –, da missten déi Leit eeben agestallt ginn. Et dierf hei net u Manpower scheiteren.

De Contrôle ex ante ass wichteg. Mir brauchen deen och zu Lëtzebuerg. Frankräich, Däitschland an d’Belsch, also all eis Nopeschlänner, hunn e scho méi laang agefouert. A wa mer de Projet zum Konkur- renzrot bis ganz iwwert d’Bün hunn, sollt eng nächst Regierung sech d’Ausschaffe vun esou engem Mecha- nismus definitiv an den Agenda schreiwen, well – bei aller Léift, Här Minister – ech mengen net, datt mer de ganze Konkurrenzrot duerch hunn. Dës Legislatur gëtt schonn nach sportlech. Deementspriechend ass et, egal wéi déi nächst Regierung sech zesumme- setzt, mengen ech, en Dossier, deen nach eng Kéier d’Chamber beschäftege wäert.

Et ass ëmmer méi einfach, fir virun enger Fusioun nämlech ze intervenéieren, wéi spéider ze versichen, duerch Strofen d’Firmen erëm auserneenzekréien. A Frankräich huet d’Autoritéit zum Beispill d’Méig- lechkeet, de betraffene Firmen Ännerungen an hirer Fusioun ze imposéieren. D’Fusioune ginn also net ënnerbonnen, mee se ginn esou ugepasst, datt de Risiko vun enger Maartmanipulatioun méi kleng gëtt. An dës Prozeduren an eisen Nopeschlänner gi séier vustatten: An der Belsch ass den Delai fir eng Procé- dure simplifiée grad emol ee Mount. An Däitschland ass de maximalen Delai fënnef Méint. An eisen No- peschlänner kéint een u sech soen: Op den éischte Bléck fonctionéiert et also.

D’Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzplaz ass ze grouss, datt mer als Lëtzebuerger hei einfach näischt maachen an op d’EU verweisen, well dofir ass se dann awer erëm ze kleng, wa mer erëm vun deene fënnef Milliarde Chiffre d’affaires mondial schwätzen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et brauch een eng Konkurrenzsituatioun a keng Konkur- renzsimulatioun. Et brauch een eng funktionell a per- formant Konkurrenzautoritéit, déi d’Rechter vun de Konsumenten an de Firmen um fräie Marché schütze kann. Dëse Gesetzesprojet ass en Deel dovunner, e Schrëtt an déi richteg Richtung, certes, mee nach laang net genuch. D’Angscht virun EU-Strofe bleift an d’Enn vum 7479B ass nach net a Siicht.

Mir Piraten stëmmen dëse Projet haut mat a mir hof- fen, datt mer da beim B-Projet nach e bësse méi séier weiderkomme wéi beim A-Projet. Mir soe Merci fir d’Nolauschteren, an et däerf net bei deem heite Ge- setz bleiwen.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a