M. Marc Goergen (Piraten) | Madamm Presiden- tin, ech ginn elo net nach eng Kéier op d’Zäitschinn a vum Gesetz, mee haut stëmme mer méi Kompe- tenze fir d’Agents municipaux, wat mer begréissen. D’Gemengebeamte kréien domadder an Zukunft méi Kompetenzen, fir déi verschidden Infraktioune kën- nen ze bestrofen. Dat ass eng Léisung fir ganz vill Pro- blemer, déi och a ganz villen Diskussiounen a leschter Zäit an der Chamber an de leschte Joren hei opkomm sinn. Dofir ass et hei haut eigentlech e ganz erfreele- chen Dag, well dëse Gesetzestext haut d’Hürd vum Par- lament wäert huelen.
Et si kleng Faiten, déi se elo wäerte kënne bestrofen, 17 Stéck. Se goufen alleguerte schonn eng Kéier ge- nannt. Ech hat mer der och nach e puer opgeschriw- wen: Hausdéier net roueg, Hecke blockéieren, nach eng Kéier den Hondsdreck net ewechmaachen, dat ass schonn eng Kéier alles genannt ginn. Dat Eenzegt, wat eis als Partei nach erfreet hätt, wär, wann zum Beispill méi Déiereschutz dra gewiescht wär, dass d’Agenten och hätte kënne kontrolléieren, wa mam Déiereschutz eppes falsch ass an do hätte kënnen direkt handelen, sief dat en Auto, wou den Hond nach dran ass oder en Hond gëtt falsch gehalen un der Ketten. Dat ass alles eppes, wou een an Zukunft nach eng Kéier kann driw- wer diskutéieren, dass se och d’Kompetenz kréien, fir den Déiereschutz besser ze kontrolléieren.
Wat eis erfreet, ass, dass Leit, déi sech zu Onrecht bestrooft fillen – dat wäert och virkommen, war- scheinlech ganz minimal, mee et wäert virkommen –, d’Méiglechkeet kréien, fir awer um Verwaltungsge- riicht kënnen dogéint virzegoen an deementsprie- chend och do hir Etappen ze huelen.
Do muss een natierlech bedenken, dass elo vill där Taxe wäerte gefrot ginn an deementspriechend och eng Kéier misst diskutéiert ginn, ob mer do nach ge- nuch Riichter um Verwaltungsgeriicht hunn. Dat ass elo eng Kap vun enger anerer Kommissioun, mee ob déi nach esou nokommen herno bei den Demanden, déi d’Verwaltungsgeriicht wäert kréien, wa mer déi heiten Infraktioune mat dramaachen.
Am Volleksmond huet ee jo och schonn de Bann- hidder kannt. Et ware leider wéineg Gemengen, déi deen agesat hunn. Ech weess, et war och ganz kom- plizéiert an net esou einfach. Et huet een ëmmer ge- duecht: „A, elo kënnt de Gesetzestext, da brauch ech elo kee Bannhidder anzestellen!“ Mee dat heiten ass eigentlech eng Weiderentwécklung vun där Formule vum Bannhidder, deen awer zimmlech positiv an den eenzele Gemengen ukomm war.
Et ass eng ganz gutt Approche, well d’Police gëtt nach eng Kéier entlaascht. A mir wëssen et alle- guerten: Mir hunn einfach net genuch Police- beamten! Och wann der elo 200 nach eng Kéier duerch d’Policeschoul ginn, hu mer awer och erëm esou vill Leit, déi an d’Pensioun ginn. Dat heescht,
deementspriechend ass herno den Netto, wat erauskënnt, net esou héich wéi dat, wat elo duerch d’Policeschoul geet.
An dofir ass dat heiten eng Moossnam, déi wierklech der Police wäert an enger éischter Linn hëllefen, well et sinn eeben d’Kommissariater queesch duerch d’Land, déi u Personalmangel leiden. An duerch dës Mesure wäerte mer elo awer kënnen d’Sécherheet stäerken, net nëmmen d’Sécherheetsgefill, wat ganz subjektiv ass. Ech weess, d’Politiker schwätzen och gäre vum Sécherheetsgefill, mee eigentlech sollte mer eis un d’reell Zuelen an un d’reell Sécherheet halen an net just un d’Gefill. An dat heiten ass eng Moossnam, fir dass dës Sécherheet gestäerkt gëtt.
D’Gemengebeamte kennen och déi lokal Reegelen, déi lokal Gesetzer, also d’Reglementer, besser. Well de Problem ass, an do huelen ech elo als Beispill bei mir d’Gemeng, do kommen da Polizisten aus der Nopeschgemeng. An anere Gemengen duerch d’Land ass dat nach vill méi, do si Policebüroen, déi hu sechs, siwe Gemengen, bis zu zéng Gemengen ofzedecken. A wann een do mat de Policebeamte schwätzt, soe se och éierlech, datt et net esou einfach ass, ëmmer den Iwwerbléck ze behalen, wéi dat eenzelt Gemenge- reglement ass.
Dofir ass dat heiten elo e ganz gudde Schrëtt, fir dass déi lokal Agents municipaux kënne ganz kloer soen: „Hei, dat dote steet awer bei eis am Gesetz, am Reglement esou an esou.“ Well de Polizist kann dat eeben net ëmmer wëssen. Dofir ass et och d’Policegewerkschaft, déi gesot huet, dass se aversta- nen ass mat dëser Mesure an dass et keng zweet Police ass an dass och am aktuellen Text keng Gefor ze erkennen ass, dass et dee Wee wäert goen. Well mir wësse jo alleguerten: Déi nei Agents municipaux kënne keng Waffen droen, se kënne keng Gewalt uwennen, si hunn net déi selwecht Méiglechkeete wéi eng Police. Dofir steet och guer net méi am Raum, dass dat herno eng zweet Police wäert sinn. Au contraire, se wäerten eis Police entlaaschten.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Et ass och e wichtege Punkt fir d’Ewechkomme vun de private Sécherheetsfirmen. Ech mengen, et iwwer- rascht keen: Mir Piraten hunn eis déi ganzen Zäit vehement dergéint gewiert, dass déi am ëffentleche Raum ënnerwee sinn. An dofir ass dat heiten elo d’Méiglechkeet fir déi Gemengen, déi bis elo Sécher- heetsfirmen engagéiert hunn am ëffentleche Raum, sief dat vu Parkauer zu Parkauer, wéi een et och ëm- mer definéiert huet, fir do e bëssen d’Gesetz ze ëm- goen, nach eng Kéier de Réckwäertsgang anzeleeën, fir dat elo mol korrekt op de Wee ze bréngen, fir dass se soen: „Mir huelen do eis Agenten, déi maachen dat, an déi kënnen deementspriechend eist Regle- ment dann och ëmsetzen.“
Deen eenzege Kritikpunkt, deen ech an der Praxis e bësse gesinn – wat e Problem ass –, dat ass, dass et fir de Bierger net einfach wäert sinn, herno ze wës- sen, a wéi enger Gemengen elo wat ass. Ech weess, et ass d’Autonomie communale an et ass herno un de Gemengen, ganz fakultativ ze kucken, wat se dovun- ner ëmsetzen. Dat wäert et awer um Terrain sécher- lech net méi einfach maache fir den eenzele Bierger, wann en …
Ech schwätzen elo net vu Reglementer, déi ee betref- fen, wou ee wunnt. Mee et geet ee jo och emol hei- ansdo op d’Musel, an den Norden, touristesch, egal, et ass een ënnerwee, an an där Gemeng ass dann en anert Reglement, wat d’Agente kënnen uwenne wéi dat, wat een doheem huet. Dat gesinn ech e bësse kritesch. Ech weess, mir sinn do e bësse méi kritesch allgemeng, wat d’Autonomie communale ubelaangt.
Mee an dësem Gesetz hu mer vill Punkten, déi fa- kultativ sinn. An deementspriechend wäert dat awer fir de Bierger net ganz einfach sinn. Mir hätten éisch- ter geduecht, et wäre méi Punkten, wat ee muss maa- chen, a ganz wéineg fakultativer. Mee mir kënnen awer och elo domadder liewen.
M. Fernand Etgen, Président | Här Goergen, erlaabt Der, datt den Här Kersch Iech eng Fro stellt?
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo.
M. Dan Kersch (LSAP) | Här Goergen, Dir hutt selbst- verständlech Recht. Fir de Bierger ass et net einfach, fir vu Gemeng zu Gemeng ze wëssen, wat en däerf a wat en net däerf. Mee dat huet awer eppes domat ze dinn, dass et a verschiddene Gemenge verschidde Policereglementer gëtt. Mee dat ass awer e Problem, deen net onbedéngt eppes elo mat dëser Problema- tik ze dinn huet. Et ass einfach esou, dass mer ëmmer d’Fakultéit bei de Gemenge gelooss hunn, dass all Gemeng ka fir sech hiert eegent Policereglement be- stëmmen an dass och opgrond vun deem Policeregle- ment dann d’Sanktiounen erfollegen. Dat ass och elo schonn esou, éier mer dëst Gesetz stëmmen.
Elo kann een dat allgemeng kritiséieren. Ech mengen awer, dass dat och e gewëssene Sënn huet, well et nämlech esou ass, dass eng Problematik an enger Gemeng sech ka verschidden zu enger anerer Ge- meng duerstellen. An duerfir reagéieren d’Gemengen och differenzéiert dorop.
Dat huet also Virdeeler, mee et huet awer och Nodee- ler – dat ginn ech ganz gären zou – fir d’Transparenz a fir d’Informatioun vum Bierger. Mee u sech ass et awer, mengen ech, e gudde System, dee seng Preuvë gemaach huet an deen och elo duerch dëst Gesetz natierlech net méi oder manner belaascht gëtt.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech ginn Iech do Recht. Et war jo bei dem Avis vum Staatsrot, wann ech mech richteg erënneren, an der Kommissioun, wou dat och opkomm ass, wou de Staatsrot och e bëssen de Wee gewielt huet wéi ech, fir dat e bëssen ze kritiséieren, dass een eeben elo iwwert d’Autonomie communale awer trotzdeem ganz vill verschidde Faktoren huet.
A mir Piraten si jo bekannt derfir, dass mer dat éischter gäre méi einfach hätten, wéi herno mat den eenzele Gemengen Honnerte Reglementer ze hunn. Dofir, ech ginn Iech Recht, et ass net eleng dëst Gesetz, mee et betrëfft awer och dëst Gesetz mat. An esou, wéi de Staatsrot dat interpretéiert huet, war eeben och meng Interpretatioun, dass mer dat vereenheetlecht hätten, zumindest e Basispaket. An dann, wann ee gesäit, dass an enger Gemeng, wéi Dir et ugeschwat hutt, nach ganz aner Problemer sinn, kéint een do op eenzele Punkten noschaffen. Mee d’Basispaket wär dat sel- wecht fir de Bierger, egal wou een am Land ënnerwee ass.
Déi aner Fro, déi sech nach stellt, ass, wéi et herno am Praktesche wäert oflafen. Verschidde Bierger sinn heiansdo ongedëlleg, dat wësse mer. Wéi ass et dann herno? Däerf de Bierger dann d’Police uruffen? An den Agent rifft herno d’Police, wann en ugeruff ginn ass, dass e soll dohinner goen? Do kann d’Ministesch vläicht e puer Erklärunge ginn, fir dass mer herno net do duebel Aarbecht hunn. Well ech ka mer virstellen, dass e puer Bierger dann ongedëlleg sinn, an da rufe se einfach emol déi zwee un an da stoppe se de Chrono, wien als Éischten do ass. Wéi wäert dat herno an der Koordinatioun tëscht deenen zwee of- lafen?
An da wäert sécherlech och eng Erausfuerderung fir d’Gemengen d’Disponibilitéit sinn, fir Agenten zur Verfügung ze stelle ronderëm d’Auer. Mir schwätzen hei vun Nuetsrou. Virdrun, ech weess net méi, wien
et war, do hat een d’Beispill ginn, no 22.00 Auer ze méien. Mee et muss awer no 22.00 Auer och nach en Agent do sinn, deen dat ka kontrolléiere goen. Dat ass e bëssen déi praktesch Fro un d’Ministesch.
Ech weess, dat sinn och d’Gemengen, déi dat maa- chen. Mee d’Gemenge brauchen awer och dat Geld an déi Ressourcen, fir dat herno kënnen ëmzesetzen. Also, mir si komplett averstanen, mee et sinn eeben déi Froen, déi sech herno am Praktesche wäerte stellen.
Et ass e ganz wichtege Projet, dee mir och haut wäer- te matstëmmen, well en dem Bierger eppes bréngt. E bréngt der Police eppes, e bréngt de Gemengebe- amten eppes. A sech ass et en „all inclusive“, kéint ee bal soen, deen all den eenzele Leit, déi concernéiert sinn, wäert villes erliichteren, soudass een haut och nëmme ka Jo dozou soen.
Ech hat mer och nach notéiert, dass een elo een, zwee Joer sollt waarden a kucken, wat op de Geriichter zum Deel erauskënnt a wéi eng Weeër déi eis weisen, wa Leit awer net averstane ware mat den Entscheedun- gen, bezéiungsweis wat do erauskënnt. Ech hunn elo d’Motioun gelies vun der Regierung. Dir hutt elo dräi Joer dran, dat ass fir eis och vollkommen ok, soudass mir dat och wäerte matstëmmen. Wichteg ass, dass een eng Kéier kuckt, wéi dat an der Praxis – eeben déi puer Beispiller, déi ech elo genannt hunn – wäert stattfannen, fir eebe vläicht, wann et sollt néideg sinn, dann an zwee oder dräi Joer eng kleng Verbes- serung ze maachen. Ech mengen, et ass elo egal, wéini een et mécht, et soll just zäitno sinn, datt mer dat maachen.
Merci.