Positiounen vun der kathoulescher Kierch

Den 30te September 2019 huet de lëtzebuergesche Weibëschof an engem RTL-Interview ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. Hien hat argumentéiert, dass esou ee Wiessel an der Kierch misst op theologescher Basis a net virum Hannergrond vun der Gläichberechtegung stattfannen. Dëse Mount huet de Vatikan d’Roll vun der Fra nach eng Kéier oppe gelooss. D’WORT schreift an engem Artikel vum 27ten Oktober:

In dem Abschlussdokument heißt es nun lediglich: „Die Frage des Zugangs von Frauen zum Diakonat bleibt offen.“ Der einflussreiche Kardinal und Synoden-Koordinator Jean-Claude Hollerich aus Luxemburg nannte das Frauendiakonat „eine sehr delikate Frage“. Es bleibe hier beim Status quo: „Es ist keine Entscheidung dafür, es ist keine Entscheidung dagegen.“

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1270 hat déi deemoleg Ministesch fir Gläichberechtegung, Taina Bofferding, erkläert, dass de Staat net einfach kann an d’Reliounsfräiheet agräifen, och wann hei d’Gläichheet tëschent de Geschlechter mat Féiss getrëppelt gëtt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wëssend, dass déi kathoulesch Kierch ee grousse gesellschaftlechen Afloss op eis Gesellschaft huet an d’politescht Denken mat beaflosst, wéi positionéiert sech dës Regierung zur Roll vun de Fraen an der Gesellschaft?
  2. Op sengem Popstbesuch hat de Popst gesot, dass d’Lëtzebuerger méi Kanner solle maachen. An engem Wort-Artiel vum 27te September stéisst dës Meenung op vill Kritik vun der Politikbeoptragten vun den CID Fraen an Gender: “Sie kann den Aufruf „in einem Land, das in einer Wohnungskrise steckt, die besonders schlimm für Familien mit Kindern ist“, nicht nachvollziehen. Und nennt weitere Gründe: „Die Kinderarmut steigt ständig, Eltern haben keine Zeit, sich um ihre Kinder zu kümmern, weil sie Vollzeit arbeiten müssen. Maisons relais und Kinderkrippen sind überfüllt, die psychosozialen Probleme nehmen zu und es gibt nicht genügend psychologische Hilfe. Es wäre sinnvoller gewesen, wenn der Papst dazu etwas gesagt hätte.“

    Ass och d’Regierung der Meenung, dass zu Lëtzebuerg d’Gebuertsraten missten erop goen? Wéi eng Politik verfollegt d’Regierung an deem Zesummenhang?

Fro n°1463

Zesummenhang posts

De 17ten Abrëll huet de Minister fir Wunnengsbau den Deputéierten an der Logementskommissioun Informatiounen geliwwert zum Kaf vu private Wunnprojeten duerch de Staat (VEFA-Projeten).
Daridorexant (Handelsnumm Quviviq) stellt eng villverspriechend Alternativ zu konventionelle Schlofmëttelen duer, besonnesch fir Patienten, déi ënner chronescher Insomnie leiden oder eng laangfristeg Therapie brauchen.