Wat hält d’Kierch vun der Verfassung?

Den 30. September 2019 huet de lëtzebuergesche Weibëschof an engem RTL-Interview ausgeschloss, dass Fraen an der kathoulescher Kierch kéinte Paschtouer ginn. Hien argumentéiert, dass esou ee Wiessel an der Kierch misst op theologescher Basis a net virum Hannergrond vun der Gläichberechtegung stattfannen. 

Esou ëffentlech Aussoe si besuergneserreegend, well hei ee fundamentaalt Prinzip vun eiser Verfassung, nämlech d’Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter, dem Kiercheglaawen ënnergeuerdent gëtt.

Esou Aussoe vu groussen Institutiounen, egal ob se an engem reliéisen oder a sos engem Kontext gemaach ginn, fërderen net de politesch Wëlle vun der Regierung fir d’Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft ze stäerken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung des Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Madamm Ministesch zu den Aussoen, déi de Weibëschof am RTL-Interview zu de Frae gemaacht huet?
  2. Consideréiert d’Madamm Ministesch, dass d’Kierch mat dëser Ausso den Artikel 11 vun eiser Verfassung respektéiert? 
    • Falls jo, a wéi engem Sënn?
    • Falls nee, wäert d’Ministesch d’Gespréich mat der Kierchevertrieder sichen? 
  3. Consideréiert d’Madamm Ministesch, dass d’kathoulesch Kierch d’Fräiheeten an eiser Verfassung misst respektéieren an applizéieren? 
  4. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass all Geschlecht soll kennen de Paschtouerberuff ausféieren?

Zesummenhang posts

Den 12ten Juni gouf um RTL driwwer bericht, dass bei Konsdref e Känguru fortgelaf ass. Den 13ten Juni gouf um RTL den Artikel aktualiséiert
An der parlamentarescher Fro n°3235 vum August 2017 goufen eng Rei Froen zu der Zockersteier an anere Länner gestallt souwéi och zu enger méiglecher
Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës