Piscinne fir Leit mat Handicap

Gutt schwammen ze kënnen ass wichteg, well et ka Liewe retten. Zum Schwamme léiere gehéiert och, dass eng Persoun a méi déiwem Waasser schwamme kann. Eis ass zougedroe ginn, dass et an de Schwämmen, a virun allem an der Coque, géif d’Reegel ginn, dass een eng ganz Längt vum Basseng an engem Schwammstil perfekt muss kënne schwammen, fir dass eng Persoun an déi grouss a méi déif Bassengen dierf schwamme goen. Wien dës Viraussetzung net erfëllt, dierf just an déi manner déif Becke schwamme goen. Dës Reegel géif awer virun allem Leit mat ageschränkter Mobilitéit dovun ausschléissen, gutt schwammen ze léieren an och an deene grouss Becken schwammen ze dierfen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et dës Reegel tatsächlech? Wa jo, wou ass dës Reegel néiergeschriwwen?

  2. Falls d’Äntwert op d’Fro 1 jo ass, gëllt dës Reegel och fir Leit mat engem Handicap?

  3. Falls d’Äntwert op d’Fro 1 jo ass, wéi gëtt sécher gestallt, dass och Leit mat engem Handicap gutt schwamme léieren, wann se net a Becken dierfe schwammen, wou se net mat de Féiss bis op de Buedem kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7257

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen