Phishing-Attacken

Aus engem Pressecommuniqué vun der Union luxembourgeoise des consommateurs nouvelle (ULC) geet ervir, dass d’Unzuel u Phishing-Attacken 2023 op 1300 bekannte Fäll ugewuess ass. Leider ass dovunner auszegoen, dass d’Unzuel un Tentativen an net bekannte Fäll nach vill méi héich ass. 

Aus der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°184 geet zousätzlech erviir, dass et net vill weider Zuelematerial gëtt, fir dës Entwécklungen ze kadréieren. Weder féiert d’Police Statistiken iwwert d’Natur vun den Arnaquen, nach iwwert den „Modus operandi“ oder d’Alterskategorië vun den Affer. Dëse Mangel un Informatioune betrëfft souwuel de Finanzsecteur wéi och déi aner Typen vu Phishing-Attacken.

Besonnesch eeler Leit si cibléiert a géingen sech e bessere Schutz virun dësen Attacke wënschen. Hei si souwuel déi ëffentlech Autoritéiten als och privat Acteure gefuerdert. Och wann d’ULC Initiativen, wéi BEE Secure an ëffentlech Informatiounscampagnen, felicitéiert, wënscht si sech eng méi staark Implicatioun vun de Finanzhaiser op nationalem Plang, besonnesch wann et ëm d’Ënnerstëtzung vu betraffenen Affer geet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vu versichte Phishing-Attacke op national present Banke sinn dem Ministère an de leschte 5 Joer bekannt?  

  2. A wéi ville Fäll ass et den Auteure vun den Attacken an de leschte 5 Joer gelongen, fir Donnéeën, Informatiounen oder och finanziell Moyene vu Clienten z’erhalen?

  3. Ginn et Pläng säitens dem Ministère eppes am Kader vum Schutz viru Phishing-Attacken op legislativem Plang ze ënnerhuelen?

  4. Ginn et Pläng säitens dem Ministère eppes am Kader vun enger Entschiedegung vun Affer bei Phishing-Attacken op legislativem Plang ze ënnerhuelen?

  5. Wéi ënnerstëtzt d’Spuerkeess (wëssend, dass et sech ëm een établissement public handelt) hier Clienten am Fall, dass se Affer vun enger Phishing Attack gi sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 315

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt