Patrimoine ferroviaire: Wat gëtt erhalen a wat gëtt ofgerappt beim Ausbau vum Schinnennetz?

Vill al Gebaier, déi en Zesummenhang mam Schinneverkéier hunn, an och Terrainen, déi no un de Schinne leien, sinn am Besëtz vun der CFL Group. Esou ass et net verwonnerlech, dass d’CFL e Groussdeel vum Lëtzebuerger Patrimoine ferroviaire besëtzt.
An Zesummenaarbecht mam Mobilitéitsministère gouf d’Schinnennetz am Land vun der CFL ëmmer nees ausgebaut a wäert an Zukunft och nach weider ausgebaut ginn.
Fir de Patrimoine ferroviaire bedeit dat, dass op enger ganzer Rei Plazen zu Lëtzebuerg al Gebaier (z. B. Garen) ofgerappt ginn, fir Plaz ze schafe fir nei Konstruktiounen oder en Ausbau vun der Unzuel u Quaien. Dës Demolitiounen hunn an der Vergaangenheet scho méi wéi eng Kéier zu Reaktioune vu Säite vun der Zivilgesellschaft gefouert, déi eng besser Protektioun vum Patrimoine fuerdert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schaffen d’CFL Group, de Service des Sites & Monuments Nationaux, de Mobilitéitsministère an de Kulturministère zesummen, fir ze decidéieren, wéi eng Haiser an Objeten, déi a Proximitéit vun de Schinne stinn, ofgerappt a wéi eng erhale solle ginn?

    Goufen hei tëscht der Regierung an der CFL schrëftlech Accorde geschloss, déi genee festleeën, wéi eng Gebaier/Objeten/Fläche bei aktuell scho geplangte Chantiere vun der CFL wäerten erhale ginn a wéi eng net?

    Falls jo, ëm wéi eng Accorden/Dokumenter handelt et sech?

  2. Verhandlungen tëscht der CFL, Service des Sites & Monuments Nationaux an der Regierung sollen dozou gefouert hunn, dass eng Lëscht erstallt konnt gi mat Garen, déi als Deel vum Patrimoine geschützt wäerte ginn. Wéi eng Gare stinn op dëser Lëscht a wat wäert mat deenen anere geschéien?

  3. Demolitiounen an nei Konstruktioune sinn och ëmmer mat engem Ufale vu Bauschutt an engem héijen CO2-Ausstouss verbonnen. Ass geplangt bei zukünftegen Demolitioune beim Ausbau an der Erneierung vum Schinnennetz an de Garen en Depot unzeleeën, wou Bauelementer (z. B. Steng oder Dieren a Fënsteren etc.) kéinte gelagert ginn, fir a spéidere Projeten nees verbaut kënnen ze ginn, fir Ressourcen ze spueren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5652

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt