Parteileedung 3te Juni 2024 

Vun der Parteileedung ware präsent: Arendt Mandy, Sven Clement, Frères Daniel, Mertz Gilles, Remakel Raymond (Präsidium); Chris Bernard, Steven Curfs, Mathis Godefroid, Ben Lomel, Teresa Monteiro, Ben Polidori, Christian Welter, Jean Heuschling, Paula Couto, Claude Legrand.

Visiteur : Killian Saffran

Start : 19h00 ; Enn : 20h00

Aktuelles 

1. Europawahlen 2024 : aktuelle Stand (Tommy, Kandidat :innen) 

    Presentatioun vun eisem Conseiller Politique iwwert de Laf vun der Campagne.  

    Interventioun vun eisem Spetzekandidat Raymond Remakel wéi hien d’Campagne an de leschte Mount erlieft huet.  

    Ee grousse Merci goung un all d’Hëllefer :innen, ouni déi dës Campagne net.

    Interna  

    /

    Finanzen 

    /

    Sektiounen 

    2. Nei Memberen (Christian, Huis clos, well perséinlech Informatiounen) 

      /

      Events 

      3. Stand op der Braderie zu Diddeleng Samschden 8te Juni. 

      4. EU-Walparty 9te Juni zu Kayl ab 18h00


      Alternativ kann een nach an d’Europahaus goen op d’Walparty wou och all Member sech umelle, déi ass oppen fir jiddereen.  

      5. Summerfest 7te Juli zu Kayl 

      Input vum Sven, eng Méiglechkeet besteet Events ze organiséiere wéi z.B de Kannerfloumaart vun der CSV zu Walfer. Do dierf een och Plakater ophänken. 

      6. Stand op der Luxembourg Pride den 13te+14te Juli zu Esch. 

      Iddi vum Sven e Won matzehuelen oder Piaggio (ze lounen z.B). 

      Kleng Gadgets mathuelen (Buttons, Pins, witzeg Kamellen, Stickeren etc.)  

      Am Dezember feiert eis Partei 15 Joer Gebuertsdag 

      -> Iddie fir eng Feier sinn ubruecht (evtl. Januar 2025 usetzen) 

      Divers 

      MERCI EU2024 : Pizza-Time 

      Punkten, déi op déi nächst Parteileedung verluecht ginn 

      Suivi HQ Kopstal (Info, Huis clos betreffend den Detailler Sous-Locatioun) 

      /

      Demande Mail Sektioun Stad 24/5/2024 betreffend Diskssuiounsowender + Opbau vun engem spezielle Chat fir inhaltlech Diskussiounen. 

      Propose, dass Chats musse méi einfach fonnt kënne ginn, den Accès ass am Moment nach net optimal. Iddi fir ee Wee ze fannen, fir den Transfert vu Wëssen ze vermëttelen ouni Informatiounsiwwerfloss.  

      Iddi fir speziell Themenchats (Forum)?  

      -> goufen et schonn an der Vergaangenheet, hunn awer net wierklech Uklang fonnt. Fro wien dat moderéiert? Wéi kritt een eng besser Iwwersiicht?  

      -> et gouf zeréckbehalen, dass Aarbechtsgruppen déi beschte Manéier sinn, fir thematesch zesummenzeschaffen. D’Membere kënnen sech hei fräi zesummendoen, kënnen d’Lokalitéiten zu Kopstal notzen oder eis online Tools. All interesséierte Member kann sech iwwer ahoi@piraten.lu manifestéieren. 

      Zesummenhang posts

      Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
      Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
      Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun