Orientéierungsdebatt iwwert de Sport als Inklusiounsfacteur

Published by Piraten on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt soen ech natierlech och deene Gréngen a ganz speziell dem Chantal Gary Merci fir d’Demande vun dësem Débat d’orientation, en Débat d’orientation, deen, mengen ech, ganz wichteg ass, well, wann et ëm d’Inklusioun geet, d’Roll vum Sport einfach net ze ënnerschätzen ass.

Um Spillfeld oder an der Turnhal ass jidderee gläich. Fir jidderee gëllen déi selwecht Reegelen. Jidderee verfollegt dat selwecht Zil. Dofir ass et wichteg, datt d’Politik garantéiert, datt jiddereen, egal, vu wou e kënnt, wéi vill Suen en huet oder ob en en Handicap huet oder net, en Accès zum Sport kann hunn. Och wa Lëtzebuerg eng ganz lieweg Veräinswelt huet, muss ech nämlech leider zouginn, datt, wat d’Accessibilitéit ugeet, nach Efforte méiglech sinn.

Sport kascht Geld, an zwar Geld, dat net all Famill huet. Jo, et gi Famillen, do sinn all d’Kanner an der Museksschoul ugemellt, spillen Tennis a gi weekends och nach op de Basket. Mee et ginn och Famillen, do muss déi grouss Schwëster no zwee Joer am Veräin ophalen, well de klenge Brudder elo drun ass an d’Famill et sech net leeschte kann, d’Cotisatioun fir zwee Kanner ze bezuelen. An da ginn et och Kanner, déi ausserhalb vun der Schoul ni an engem Veräin Sport maache kënnen, well d’Suen emol net duerginn, fir just engem Kand d’Umeldung ze bezuelen. Do hëlleft och den aktuelle System vun de Chèque-servicen heefeg net vill.

Wann d’Elteren nämlech entscheede mussen, ob se hir Chèque-servicë fir d’Kannerbetreiung oder fir de Sport ausginn, da bleift hinnen heefeg guer kee Choix. Op d’Kannerbetreiung kënne se schliisslech net verzichten, well se schaffe mussen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. An da bleift de Sport eebe leider op der Streck.

An dat ass e Problem, deen d’Politik duerch konkreet Ënnerstëtzunge fir sozioekonomesch benodeelegt Kanner léise kann a léise muss! Dat kann zum Beispill iwwert de Wee vu spezifesche Coupone fir de Sport goen an duerfir ënnerstëtze mer och d’Iddi, déi de Sportsminister ugekënnegt huet, fir Bongen am Wäert vu 50 Euro fir Jugendlecher ënner 16 Joer zur Verfügung ze stellen, fir domadder eng éischt Cotisatioun ze bezuelen, fir sech esou a Veräiner aschreiwen ze kënnen. Ob déi 50 Euro awer elo tatsächlech duerginn, fir Erwuessener a Kanner ze hëllefen, deenen d’finanziell Mëttele feelen, fir sech an engem Veräin unzemellen, an déi dann och eventuell nach Material kafe mussen, ass zweifelhaft.

Eng sozial Staffelung vum Betrag wär duerfir hei an eisen Aen dréngend noutwendeg. Wa mer net wëllen, datt de Sport e Privileeg fir Leit mat Sue gëtt, da muss de Staat hei lenkend agräifen. A jo, et kéint een elo soen: „Da mussen d’Veräiner hir Cotisatiounen erofsetzen!“ Dat wär awer relativ kuerz geduecht, well ech kenne bal kee Sportsveräin, dee mat senge Cotisatiounen iergendwéi géif e Benefiss maachen. Tout au contraire hänken all eis Veräiner – an ech kommen herno nach op de Benevolat ze schwätzen dovunner of, datt eebe grad de Staat respektiv d’Gemengen an och hir Sponsere mat bäileeën, well et soss um Enn vum Joer net opgeet.

D’Praktizéiere vum Sport wierkt sech op d’mental a physesch Gesondheet aus an erméiglecht e sozialen Austausch. Persounen, déi zesumme Sport maachen, léiere sech iwwert déi gemeinsam Aktivitéit kennen an erliewen esou fir d’alleréischt dat, wat se gemeinsam hunn, an duerno eréischt dat, wat se ënnerscheet.

Mir géifen duerfir och proposéieren, datt och all Persoun, déi zu Lëtzebuerg Asyl oder Protection internationale ufreet an accordéiert kritt, Informatiounen iwwert d’Lëtzebuerger Veräinsliewen an och e Coupon fir eng Sportsveräinsaffiliatioun kréie soll. Esou kéinte Leit, déi nei hei am Land sinn, iwwert de Sport méi séier Uschloss an eiser Gesellschaft fannen.

Well de Sujet vun haut de Mëtten de Sport ass, betounen ech deen elo natierlech am meeschten. Mee selbstverständlech kéinte mer eis déi selwecht Couponen zum Beispill och fir Kultur virstellen. Ech denken do un eng Harmonie municipale, wann een dat virzitt par rapport zum Handballsveräin. Mee dat ass haut net d’Theema. Duerfir zréck zum Sport.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Sport kann awer net nëmme Persoune mat verschiddene sozioekonomeschen a kulturellen Hannergrënn zesummebréngen, mee e kann och eng Occasioun sinn, fir Persoune mat an ouni Handicap zesummenzebréngen.

Et gouf haut schonn iwwer eng Rëtsch Sportaarte geschwat. Ech wäert mech duerfir elo net dra verdéiwen, wat alles mat an ouni Handicap inklusiv méiglech ass. Dat hu meng Virriedner jo scho gemaach. Mee wann een u Persoune mat Handicap am Sport denkt, denken déi meescht awer nach ëmmer automatesch un d’Paralympics oder d’Special Olympics, wou Persoune mat kierperlechen oder geeschtegen Handicappen an eegene Ligae géinteneen untrieden an do fantastesch Leeschtungen erbréngen.

Donieft gëtt et awer och déi Forme vum inklusive Sport, wou Persoune mat an ouni Handicap zesumme kënne Sport maachen. Am Ausland gëtt et do schonn eng ganz Rëtsch innovativ Projeten an och hei zu Lëtzebuerg kommen ëmmer méi Initiativen zesummen, déi dat ubidden.

Ech si mer sécher, datt een dat awer nach ausbaue kann, well datt et esou wéineg … oder datt dat nach eng Naissance ass, eréischt am Kommen ass, läit vläicht och zum Deel dorunner, datt et eeben, an dat gouf haut och schonn ugeschwat, esou ass, datt déi meescht Sportsveräiner sech nun emol an hirer Gemeng grënnen. Deementspriechend schwätze se als Éischt emol Leit aus hirer Gemeng an aus dem noen Ëmfeld vun der Gemeng un.

Fir inklusiv Sportsgruppen opzebauen, ass et awer heefeg néideg, am ganze Land an net just an enger spezifescher Gemeng Interesséierter ze sichen. Dat ass leider net ëmmer esou einfach. Social Media hëlleft, den Internet hëlleft, mateneen ze schwätzen hëlleft ganz sécher. Hei kéinten awer och den Integratiouns- an/oder de Sportsministère als Facilitateur optrieden an eng zentral Ulafstell ubidden, wou
Gruppen oder Veräiner, déi geziilt och inklusiv Coursë fir Persoune mat an ouni Handicap ubidde wëllen, sech umelle kéinten, fir datt Persounen, déi esou e Cours sichen, en dann zum Beispill einfach op enger Websäit vum Ministère fanne kéinten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Pandemie huet eis gewisen, wéi wichteg de Sport fir eis Gesondheet, fir eise Bien-être ass, an huet eis gläichzäiteg awer och virun Ae geféiert, wéi séier eis Veräiner a finanziell Noutlage komme kënnen, wann hir Memberen a Benevollen net méi aktiv kënne sinn.

Grad de Réckgang am Benevolat ass e Problem, deen all d’Veräiner gläichméisseg betrëfft, sief et am Sport oder an anere Beräicher. De Leit feelt Zäit, fir sech nach als Benevollen ze engagéieren, well déi bezuelten Aarbecht ëmmer méi Plaz am Liewen anhëlt.

Derbäi kënnt dann nach de Problem, datt d’Professionaliséierung vum Sport – an déi ass u sech jo fir de sportlechen Niveau ganz positiv – och derzou geféiert huet, datt ëmmer méi Sportler an Trainer fir hir Aarbecht bezuelt ginn, wat da bei deenen, déi sech benevoll engagéieren, d’Fro opkomme léisst, firwat se dann nach eppes maache sollen, wa jo anerer do sinn, déi derfir bezuelt ginn.

Heefeg héiert ee grad an deene méi klenge Sportsveräiner, déi dann eng Divisioun eropgeklomme sinn, vun de Benevollen, déi virdru jorelaang aktiv waren: „Ma firwat soll ech mech dann de ganze Weekend bei e Supermarché mat engem pickege Gewächs virun d’Dier stellen an do Luxringer a Mettwurschte grillen a verkafen, just fir datt hei de Profi bezuelt gëtt?“

Dat ass eng Konsequenz vun der Professionaliséierung, déi esou natierlech net virgesi war an déi u sech och kee Veräin sicht. Mee eng Léisung zu deem Problem ze fannen, ass net einfach.

An der Basis ass de Problem awer deen, datt d’Geldverdéngen zu Lëtzebuerg esou wichteg ass, datt keng Zäit méi fir aner Engagementer „verschwent“ ka ginn. An duerfir muss een de Problem genau hei upaken. Wann d’Logementspräisser klammen a klammen an een ëmmer méi Suergen huet, wéi een de Loyer oder de Prêt bezuele soll, dann ass et nun emol schwéier, no der Aarbecht nach eng Aufgab ze iwwerhuelen, fir déi een net bezuelt gëtt. Da geet ee vläicht net méi arbitréieren, da geet een net méi d’Mettwurscht grillen an et hëlleft een och net aus, fir Uniformen ze wäschen oder d’Kanner op e Match ze féieren.

Wann Der mech elo als Pirat géift froen, wat eng Léisung kéint sinn, läit d’Äntwert natierlech op der Hand, an zwar d’Eenzelfuerderung vum staatleche Wunnengsbau fir zéng Euro pro Quadratmeter an d’Aféierung vun engem Grondakommes. Dat sinn, wéi gesot, elo keng nei Fuerderunge vun eis a si sinn och net primär virum Hannergrond vun de Problemer vun de Veräiner entstanen, mee béides géif hëllefen, den Drock aus dem Immobiliemarché ze huelen an de Mënschen e Liewen ze bidden, dat net eleng duerch Aarbecht bestëmmt gëtt. Da wär nämlech och nees méi Zäit, fir sech am Veräin am Duerf ze engagéieren, fir do seng Matbierger a Matbiergerinne besser kennen ze léieren an esou zur gesellschaftlecher Inklusioun op allen Niveaue bäizedroen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen zum Schluss. Ech mengen, mir hunn et haut oft genuch héieren: De Sport ass wichteg fir Kierper a Geescht! De Sport ass eng Chance, Kontakter ze knäppen, an eng Chance, fir Mënsche mat verschiddensten Hannergrënn zesummenzebréngen. Fir awer vun all deem Potenzial, dat de Sport bidde kann, och profitéieren ze kënnen, brauche mer nach méi politesch Efforten, an dat souwuel, wann et drëms geet, sozioekonomesch benodeelegte Persounen en Accès zum Sport ze bidden, wéi och, wann et ëm d’Integratioun vu Persounen aus dem Ausland geet oder ëm d’Kreatioun vun inklusive Sportsgruppen, wou Persoune mat Handicap feste Bestanddeel vum Veräin ginn.

Ech hoffen, datt dësen Débat d’orientation an de kommende Wochen a Méint nei Regierungsprojeten an dëse Beräicher ustousse wäert an de Sport zu Lëtzebuerg esou nach méi inklusiv ka ginn.

Ech soen Iech villmools Merci fir d’Nolauschteren.

Categories: RiedenSport

0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.