M. Sven Clement (Piraten) | Jo, Här President, merci
fir d’Wuert. Ech muss soen, ech sinn driwwer informéiert ginn, wat d’Beweeggrënn dohannert sinn: Et gi
70 Joer gefeiert vun där éischter Sëtzung vun der CECA
hei zu Lëtzebuerg. Dat ass sécherlech e wichtegen
Dag an do kommen och héich Gäscht op Lëtzebuerg.
Nichtstdestotrotz fannen ech et awer e bësse speziell,
datt mer en Donneschden eng Conférence des Présidents haten, wou awer en Evenement, wat viru 70 Joer
stattfonnt huet a wat da muer celebréiert soll ginn,
jo sécherlech scho bekannt war. Virun allem, wann
ech d’Gäschtelëscht vun deem Evenement kucken,
sinn et sécherlech Leit, déi hir Pläng net eréischt haut
oder gëschter gemaach hunn, soudatt ech et awer e
staarken Non-respect vun der Chamber fannen, wat
d’Regierung hei opféiert, fir haut eréischt ze froen, fir
muer d’Sëtzung ëm eng hallef Stonn ze verréckelen.
Mir haten haut aus engem erkläerte Grond e bësse
Wurrel am Programm, mee fir haut ze froen, fir d’Sëtzung muer ëm eng hallef Stonn ze verréckelen, just
wéinst engem Evenement, wat 70 Joer an der Maach
war, fannen ech dann awer speziell an ech muss
soen, datt mir eisen Assentiment dofir net kënne
ginn. Eng ganz konstruktiv Propos wär zum Beispill,
datt mer d’Verfassung no vir géifen zéien, als éischte
Punkt vum Ordre du jour, an datt mer da weiderhi
kéinten um 14.00 Auer ufänken, fir dann uschléissend
d’Deklaratioun vun der Regierung ze héieren.
Ech weess, datt dat keng Majoritéit wäert fannen,
mee dat ass awer wéinstens eng konstruktiv Propositioun vun eiser Säit.
(Brouhaha)
M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass falsch.
M. Sven Clement (Piraten) | Vun enger Partei vun
der Oppositioun, Här President!
Une voix | Vun der gesamter Chamber!
M. Sven Clement (Piraten) | Nee, Här Präsident.
M. Sven Clement (Piraten) | Jo. Also mir kënnen eis
elo esou vill opreegen, wéi mer wëllen, dat bréngt
eis net weider. Ech mengen, mir hunn hei op eiser
Säit ganz kloer eng Bereetschaft gewisen, fir den
Ordre du jour esou ze änneren, datt en d’Regierung accomodéiert, datt d’Regierung kann op deem
wichtegen Evenement derbäi sinn. An esouwäit ech
weess, ass d’Chamber net op deen Evenement invitéiert, deementspriechend kann d’Chamber muer hir
Aarbecht normal maachen zu deenen Auerzäiten, déi
d’Conférence des Présidents en Donneschden arrêtéiert huet.
Dann ännere mer den Ordre du jour. Mir hunn haut
zweemol den Ordre du jour geännert. Da kënne mer
och muer den Ordre du jour änneren, ouni datt mer
mussen nach eng Kéier eis Horairen duercherneepuchen. Well jo: Eng hallef Stonn méi spéit ufänke mëttes heescht, datt mer eng hallef Stonn méi laang siegéieren owes, heescht, datt mer den Dag drop och erëm um 8.00 Auer mussen hei sinn. An et gëtt nun
emol Deputéierter, déi ouni Chauffer musse bis an
den héijen Norden, …
(Brouhaha)
… an den déiwe Süden, an den déiwen Osten oder an
den déiwe Weste fueren. Et wunnt net jiddwereen an
der Stad.
An ech mengen, datt et eng ganz räsonabel Approche
wär ze soen: Da passe mer eisen Ordre du jour un.
Mir hu jo duerno eng Conférence des Présidents.
Wann déi dann den Aval muss ginn, da ka se dat maachen. Mee op alle Fall, einfach esou eng hallef Stonn
méi spéit unzefänken, just well et der Regierung
muer passt, dat kënne mir net matdroen!