Open Source

Wat ass dat?   

Vun „Open Source“ schwätzt een am Beräich vun der Entwécklung a Verwendung vu Software, d. h. wann et beispillsweis ëm Computerprogrammer oder Apps geet. Eng Open-Source-Software ass e Programm, deem säi Code net geheim ass, esou dass d‘Software vu jidderengem benotzt, analyséiert, verbreet a modifizéiert ka ginn.

Firwat maachen sech d’Piraten dofir staark? 

Bei Open-Source-Programmer behalen d’Notzer:innen d’Kontroll. Well de Code bekannt ass, kann een zu all Moment genee wëssen, wat de Programm mécht, an et huet een och d’Méiglechkeet de Programm no senge Wënsch unzepassen. Anescht wéi bei lizenzéierte Programmer (dat si kommerziell Programmer, déi ee kafe muss a benotzt ouni ze gesinn, wéi se funktionéieren) huet ee soumat och net d’Ongewëssheet, wou a wéi déi eegen Donnéeë gespäichert an eventuell weider verwäert ginn. Open Source leescht domat e weesentleche Bäitrag zur Autonomie an der Privatsphär vun allen Notzer:innen. Et gëtt op d’Stäerkt vun der Gemeinschaft gesat. En oppene Code ka weltwäit vun alle User:inne gekuckt a verbessert ginn an dat ass och wichteg wann et ëm d‘Cybersecuritéit geet. Sécherheetslücke kënnen an enger grousser Gemeinschaft séier opgedeckt an eegestänneg zougemaach ginn. Dat ass grad an Zäiten, an deene Geheimdéngschter Sécherheetslücken a Programmer vu grousse Multinationalen oft bewosst net mellen, well se dës fir hier eegen Zwecker ausnotzen, e grousse Virdeel. Anescht wéi oft behaapt gëtt ass d’Geheimhaltung vun engem Code nämlech kee Garant fir Sécherheet an Open Source net per se méi onsécher wéi lizenzéiert Software. 

Wou leien déi aktuell Erausfuerderunge wann et ëm Open Source geet? 

Ee grousse Problem ass d’Disponibilitéit an d’Accessibilitéit. Vill Leit, déi sech wéineg fir Computer an Technik interesséieren an einfach mat deene Programme schaffen, déi si gewinnt sinn an zum Deel souguer virinstalléiert op hire Geräter fannen, wësse guer net, wéi een op Open Source ëmsteige kéint. Net seele gëtt et och eng Angscht, dass ee mat den neie Programmer net eens géif ginn, well een sech jo schonns un déi kommerziell Software gewinnt huet. Dofir ass et wichteg, dass an de Schoule mat Open Source geschafft gëtt. Kanner, déi vun Ufank gewinnt sinn, mat oppene Programmer ze schaffen, gi sensibiliséiert fir d’Méiglechkeeten, déi Open Source bei der Personaliséierung bitt, an hu spéider manner Beréierungsängscht. Zousätzlech suergt Open Source an de Schoulen dofir, dass d’Date vun de Schüler:inne besser geschützt kéinte ginn, ewéi dat aktuell de Fall ass. Amplaz drop ze vertrauen, dass e groussen internationale Konzern déi perséinlech Date protegéiert, kann ee mat Open Source selwer d’Kontroll iwwerhuelen – e Virdeel, deen natierlech och fir Privatpersounen an Entreprise sënnvoll ka sinn.   

Erausfuerderunge ginn et awer net nëmmen op der Säit vun de Consommateuren, mee och bei der Produktioun. Vill Programméier:innen zéien et vir, hire Code ze verkafen, aplaz e mat der Allgemengheet ze deelen. Dat ass verständlech an enger Gesellschaft, an där et fir vill Leit ëmmer méi schwéier gëtt iwwert d’Ronnen ze kommen. An dofir verwonnert et och net, dass vill Open-Source- Programméier:innen haaptberufflech enger anerer Aufgab noginn, a just an hirer Fräizäit un hire Software schaffen. Beim Schreiwe vun engem oppen zougängleche Code sti finanziell Interessen net am Mëttelpunkt, mee d’Freed eppes Neies ze schafen, et ze deelen a gemeinsam weider ze entwéckelen. Dat ass wirtschaftlech villäicht net rentabel, mee dréit um Niveau vun der Gemeinschaft a vum Fortschrëtt awer ganz vill zu eiser Gesellschaft bei. Dofir brauche mir eng Politik, déi Open Source Projeten ënnerstëtzt a valoriséiert. Dat geet z. B. duerch ëffentlech Ausschreiwunge bei deene konkret no Open Source Programmer gefrot gëtt; enger ëffentlecher Plattform, déi op Open Source Projeten hiweist an erkläert, wéi een se benotze kann; eng Wirtschafts- a Sozialpolitik, déi et de Leit erlaabt, sënnvollen Aufgaben nozegoen amplaz just fir d’Suen ze schaffen; engem moderne Copyright a Patentrecht fir den digitale Beräich; Progrèse bei der Erwuessenebildung etc…

Et gi vill Méiglechkeeten, fir dozou bäizedroen, oppene Code méi an eisen Alldag ze integréieren, a mir Pirate wëllen eis fir hier Ëmsetzung staark maachen. Mir setzen de gemeinschaftlechen Effort an d’Eegebestëmmung an de Mëttelpunkt – net d’Kommerzialiséierung.

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,