Obligation de Reprise vu Verpackungsoffall

D’Gesetz vum 21te Mäerz 2017 reegelt den Ëmgang mat Verpackungen an dem Verpakungsoffall. An dësem Gesetz ass am Artikel 8 virgesinn, datt all Societéit, déi Verpackungen hierstellt, dozou verflicht ass, dës Verpackungen och erëmzehuelen oder alternativ een agreéierte Service dofir anzestellen.
“Art. 8. Responsables d’emballages et organismes agréés
(1)Tout responsable d’emballages est soumis à l’obligation de reprise.
Il peut remplir lui-même cette obligation ou charger un organisme agréé de l’exécution de cette obligation.”

Zu Lëtzebuerg këmmert sech eleng d’ASBL Valorlux ëm iwwert 1000 Membersbetrieber, wéi een aus den Informatiounen um Luxembourg Business Registers liese kann. Valorlux selwer ass ee Verbond a Form vun enger ASBL, wou d’Signatairen aus 14 groussen nationalen a multinationale Firmen an der Chambre de Commerce besteet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Ëmweltministesch Kenntnis vu Betriber, déi zënter dem Akraafttriede vu besotenem Gesetz Verpackungen an Ëmlaf bruecht hunn an net Member vu Valorlux sinn? 

  2. Wéi vill agreéiert Organisatiounen, wéi se am Artikel 1, Punkt 16, definéiert an am Artikel 8 beschriwwe sinn, existéieren hei zu Lëtzebuerg?

  3. Huet d’Ëmweltministesch Kenntnis vu Betriber, déi selwer d’Reprise an de Recyclage vun hire Verpackunge maachen?

  4. “Art. 19. Sanctions pénale
    Sont punis d’une peine d’emprisonnement de huit jours à six mois et d’une amende de 251 euros à 100.000 euros ou d’une de ces peines seulement :
    […]
    3. le responsable d’emballages qui, par infraction à l’article 8, paragraphe 1er ne se soumet pas à l’obligation de reprise;
    4. le responsable d’emballages qui, par infraction à l’article 8, paragraphe 2, omet de charger un organisme agréé de l’obligation de reprise ou omet de faire savoir à l’Administration de l’environnement comment il satisfait à l’obligation de reprise;
    5. l’organisme agréé qui, par infraction à l’article 8, paragraphe 3, n’assure pas le financement de la collecte;
    6. l’organisme agréé qui, par infraction à l’article 8, paragraphe 4, procède à la collecte de déchets sans disposer des autorisations nécessaires de la part des communes ou syndicats de communes chargés de la gestion des déchets ménagers et assimilés ;”

    Opgelëscht no den uewen zitéierte Punkten aus de penalen Dispositiounen an och no Joer, géint wéi vill Organisatioune goufen zënter dem Akraafttriede vum Gesetz am Joer 2017 déi uewe genannte Strofen ausgeschwat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3735

Zesummenhang posts

Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion
D’Madamm Inneministesch huet eis an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 7679 opgekläert, dass, d’Kandidaten net ënnert deenen 50 Persounen dierfen sinn, déi fir