Notzung vun de lëtzebuergesche Militärfliigeren (EATC/ATARES)

Déi vireg Regierung hat an de leschte Joren héich Ausgaben a Militärfligere fir Lëtzebuerg gemaach, dorënner fir den Airbus A330 MRTT, deen am Kader vun der NATO an dem EATC zesumme mat anere Länner finanzéiert a genotzt gëtt.  De lëtzebuergesche Staat dierf an dësem Programm eng 1200 Fluchstonne pro Joer notzen, dëst iwwer eng Lafzäit vun 30 Joer, wat ronn 600 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kascht. Dës Fluchstonne waren ursprénglech virgesi fir wichteg staatlech Aufgaben. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3961 aus dem Joer 2021 hat déi deemoleg Regierung nach erkläert, datt bis dohinner kee Regierungsmember op d’Transportméiglechkeete vun engem vun de lëtzebuergesche Militärfligeren zeréckgegraff hat. Zënter dem Regierungswiessel huet sech dës Praxis awer geännert, wéi d’Zuelen aus der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3034 weisen. An där Äntwert gëtt op d’Flich am Kader vum EATC/ATARES-Programm verwisen, woubäi de Käschtepunkt bei 0€ leie soll

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass de Käschtepunkt vun den EATC/ATARES-Flich aus dem Tableau vun der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3034, wann een d’Staatsausgaben fir den EATC/ATARES-Programm aus dem Budget mat de geflunnene Kilometer vergläicht?

  2. Wéi héich ass de Käschtepunkt, wann een d’Staatsausgaben mat de Fluchstonnen aus dem Tableau géigeniwwerrechent?

  3. Wéi eng aner Fligeren, ausser dem A330, goufe fir d’Trajeten aus dem Tableau genotzt?

  4. Wéi oft gouf den A330 fir d’Trajeten aus dem Tableau benotzt a wéi oft gouf een Anere vun dësen Jets benotzt? 

  5. Wéi variéiert de Käschtepunkt fir d’Notzung vun den anere Fligertyppen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3520

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun