Nohaltëgkeetsrot

Zënter 2005 existéiert zu Lëtzebuerg den Nohaltegkeetsrot (Conseil supérieur du développement durable), deem seng Aufgab et ass d’nohalteg Entwécklung hei am Land ze begleeden an d’Regierung an hirer Nohaltegkeetspolitik ze beroden. Esou ee Gremium ass natierlech ëmmer nëmmen esou effikass an objektiv wéi seng Memberen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Den éischten Artikel vum groussherzoglesche Reglement beseet:
    “”Le Conseil Supérieur pour le Développement Durable, dénommé ci-après «Conseil Supérieur», se compose de 15 membres choisis en raison de leurs compétence et expérience en matière de développement durable.” ”

    Weder am Gesetz, nach am Règlement interne vum Nohaltëgkeetsrot ass beschriwwen, wéi eng genee Kompetenzen an Experienzen d’Membere virweise mussen. Dëst gewosst, wéi verhënnert d’Ministesch, datt Memberen op Basis vu willkürlechen Decisiounen, aplatz vu wierklech transparenten Qualitéitskrittären an de Conseil genannt ginn?

  2. De Conseil kann op eegen Initiativ extern Etüden an Expertisen beopdroen. Misst dëse Gremium, deen jo u sech aus 15 Expären aus dem Beräich Nohaltëgkeet composéiert ass, net selwer an der Lag sinn, fir esou Etüden an Expertisen auszeschaffen?

  3. De Reglement d’Ordre Intérieur vum Conseil beseet, datt Interessekonflikter am Kader vun Expertisë musse gemellt ginn. Wat d’Membere vum Conseil selwer betrëfft, do bleiwen d’Texter allerdéngs stomm. Missten d’Membere vum Conseil, als berodende Gremium vun der Regierung, net och méiglech Interessekonflikter an enger Deklaratioun oppeleeën, esou wéi d’Regierungsmemberen (an d’Deputéierten) et och maachen?

  4. Wéi eng Etüden huet de Nohaltegkeetsrot an de leschten 10 Joer an Optrag ginn? Wéi eng Organisatiounen hunn dës eenzel Etüde realiséiert a wat war de Käschtepunkt vun all eenzeler Etüd? A wéi ville Fäll huet ee Member vum Rot dem Büro ee méiglechen Interessekonflikt signaléiert (Artikel 23 vum Reglement interne)?

  5. Firwat ass de Reglement d’Ordre Interne nëmmen op Demande ze kréien an net an aller Transparenz op der Website vum Conseil opruffbar?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2877

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023