Newsletter Oktober 2022:

Ahoi !

Am Oktober ass d’Chamberjoer erëm offiziell ugaangen an den Premier huet seng Ried zum Etat de la nation gehaalen. Natierlech hunn och mir Piraten eis Positiounen an der Chamber duergeluecht. Hei kënnt dir nolauschteren wat eis Prioritéite fir déi nächsten 12 Méint sinn:

https://www.chd.lu/fr/seance/2790?startTime=05:10:41

Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Hei fannt dir och de ganze Newsletter mat allen Themen:

Partei

https://piraten.lu/zentrum-kongress2022/

D’Piratepartei huet den 12. Oktober zu Izeg en neie Comité fir de Bezierk Zentrum gewielt. Als Spriecher goufen d’Mandy Arendt, Gemengeconseillère vu Colmar-Bierg an de Mathis Godefroid gewielt. De Jerry Weyer wäert fir déi nächst 2 Joer als Koordinator de Bezierk Zentrum leeden. Weider am Comité gewielt goufen d’Marie-Marthe Muller als Trésorière, an als weider Comitésmemberen Edgar Bisenius, Pascal Clement, Nadine do Carmo, Jean Heuschling a Luka Krauss.

Déi nächst Bezierkskongresser sinn den 8te November am Norden, de 27ten November am Süden an den 1ten Dezember am Osten. Méi Infos op eiser Website.

Aarbecht

Déi 4 Klasse bei der Mutualité des Employeurs leeë fest, wéi vill Prozent de Patron muss fir seng Aarbechter cotiséieren. Jee no Taux d’absentéisme gëtt d’Klass méi héisch oder manner héisch festgeluecht. De Sven Clement huet nogefrot, wéi den Taux d’absentéisme an deene leschte Joer evoluéiert huet.

https://piraten.lu/4-klassen-mutualite-des-employeurs/

Wéi d’Plattform heise.de mellt, huet een hollänneschen Aarbechter viru Geriicht Schuedenersatz zougesprach kritt, well en onrechtméisseg entlooss gouf. Den Aarbechter hat sech geweigert, wärend dem ganzen Aarbechtsdag seng Webcam vum Computer unzehunn. Den Marc Goergen huet nogefrot, wéi et hei zu Lëtzebuerg mam Webcam Schutz steet. https://piraten.lu/schutz-virun-der-webcam-op-der-aarbecht/

Aussepolitik

Den 23 Abrëll 2021 gouf de Comité interministériel “devoir de diligence” gegrënnt, fir, ënnert anerem, eng Positioun zum Projet vun der EU-Kommissioun a Punkto Liwwerkettengesetz auszeschaffen. Mir hunn nogefrot, wou déi Aarbechten dru sinn: https://piraten.lu/aarbechte-vum-comite-interministeriel-devoir-de-diligence/

Déiereschutz

https://piraten.lu/deiereschutz-pk-2022/

Dëse Mount hate mere ng Pressekonferenz ofgehalen, fir iwwert d’Situatioun vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg de Punkt ze maachen. Hei hu mer eis staark gemaach fri ee Verbuet vun der Klappjuegt souwéi dem Verkaf vu Pelz am Hannergrond vum Mantelsonndeg.

https://piraten.lu/secherheetsperimeter-bei-klappjuegten/

Mir hunn och eng parlamentaresch Fro gestallt, well zu Déifferdeng d’Kanner hier Schoul wéinst enger Klappjuegt hu misste zäitweis verloossen.

https://piraten.lu/fleeschskandal-bei-lidl/

Um SWR gouf driwwer bericht, dass bei Lidl an Däitschland Fleesch vun Hénger verkaaft gouf, dat vun Déiere staamt, déi an hirem Mastbetrib ënner grausame Konditioune gehale goufen. Et gëtt bericht, dass vill vun den Hénger sech mol net méi hätten op de Been hale kënnen a just nach virun sech hin vegetéiert hätten.

Digitalisatioun

En hollänneschen Aarbechter krut vum Gericht Schuedenersatz zougesprach, well hien sech geweigert huet, wärend der Aarbechtszäit seng Kamera déi ganzen Zäit unzeloossen. Schon 2017 gouf et vum europäesche Geriichtshaff en Urteel, dass esou eng Fuerderung just a ganz bestëmmte Fäll erlaabt ass. Mir wollten dowéinst wëssen, ob et hei zu Lëtzebuerg och schon esou Fäll gouf an op a wéi Aarbechter hei am Land protegéiert sinn. https://piraten.lu/schutz-virun-der-webcam-op-der-aarbecht/

Educatioun

Zum Beräich Educatioun hunn mir am Oktober dräi Question parlementaire gestallt. Emol goung et dorëms, dass Studenten, déi hire Schoulofschloss net hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn, net nom éischte Joer vun hirem Medezinstudium hei am Land hier Etuden an der Belsch weidermaache kënnen. https://piraten.lu/accord-medezinstudium/

Mir hunn och eng Fro zu Chineesesch-Course gestallt, déi vum Centre de Langue et de Culture Chinoises du Luxembourg gehale ginn. Mir wollte wëssen, ob de Minister kontrolléiert, ob dës Coursen op eng neutral Aart a Weis gehale ginn, also ouni Positioune vun der chineesescher Regierung ze propagéieren, an ob och op kritesch Aspekter wéi zum Beispill op d’Situatioun vun den Uiguren agaange gëtt. https://piraten.lu/sproochecourse-vun-der-clccl/

Zudeem hunn mir eng Question, déi mir iwwert Fro.lu kruten, zur Unerkennung vun ukraineschen Diplomer gestallt. https://piraten.lu/fro-lu-reconnaissance-vun-ukraineschen-diplomer/

Effentlechen Déngscht

A enger parlamentarescher Fro vum September 2021 hate mir Piraten Inneministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut eisen Informatioune soll sech d’Situatioun um 112 net verbessert hunn. https://piraten.lu/dekippen-beim-112-an-113-nofro/

Säit der Regierung Juncker/Asselborn II huet di maximal Zuel vu Spëtzebeamten (Administrateurs généraux, 1er conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement première classe, conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement adjoints) sech vun 79 op 126 erweidert. Mir hunn Detailer hanner dësen Zuelen nogefrot:

https://piraten.lu/top-beamten-an-de-ministeren/

Famill an Integratioun

Mir haten am Kader vum Etat de la nation eng Motioun eragereecht mat der Fuerderung, eng Léisung auszeschaffen, fir dass elengerzéiend Steierzueler de Crédit d’impôt monoparental automatesch solle pro Mount ofgehalen oder zréckbezuelt kréien, ouni dofir eng Demande mussen ze maachen. D’Motioun gouf mat de Stëmme vun den dräi Regierungsparteien ofgeleent. https://piraten.lu/elengerzeiend-elteren-endlech-entlaaschten/

Mir hunn och nees eng Question zur Wanteraktioun gestallt a wollte wëssen, ob dës och dëst Joer nees virum 1ten Dezember wärt ufänken. https://piraten.lu/start-vun-der-wanteraktioun/

Zum Thema vun de Sans-Abrisen hunn mir dann och zwou Motiounen eragereecht. Mir hunn gefuerdert, dass eng Aart Summeraktioun fir Sans-abrisen an d’Liewe geruff gëtt, well grad si am Summer bei Hëtztwellen extrem vulnerabel sinn. Et solle Strukturen agefouert ginn, wou si Schied fannen a virun der Hëtzt geschützt sinn. https://piraten.lu/eng-summeraktioun-fir-sans-abrisen/

Zudeem hunn mir gefuerdert, dass all Persoun, déi op der Strooss lieft, et erméiglecht soll kréien, an ëffentlech zougänglechen, staatleche Gebaier op d’Toilette kënnen ze goen oder do ee Glas Waasser ze kréien. https://piraten.lu/acces-zu-toiletten-an-drenkwaasser-fir-sans-abris/

Eis gouf zudeem e Fall vun Déifferdeng zougedroen. Do soll e Site mat enger Crèche, enger Maison Relais an enger Spillschoul, den sech ausserhalb vun Duerf an an der Natur befënnt, fir en Dag evakuéiert ginn si wéinst enger Klappjuegd, déi do am Bësch stattfonnt huet. Mir wollte wëssen, ob dat wierklech der Realitéit entsprécht, firwat et e Sécherheetsperimeter em de Site gëtt an ob et generell am Kader vu Juegte Sécherheetsperimeter em Gebaier ginn. https://piraten.lu/secherheetsperimeter-bei-klappjuegten/

Finanzen

Mir Pirate sti fir eng fair Steierpolitik, déi d’Persounen onofhängeg vun hirer Liewenssituatioun soll besteieren. Dofir hu mir bei der Debatt vum Etat de la nation eng Motioun agereecht, fir Léisung auszeschaffen, déi et erméiglecht, fir den elengerzéiende Steierzueler de Montant vum CIM automatesch ofzehalen oder auszebezuelen an dëst pro Mount an ouni mussen eng Demande dofir ze maachen.

Dës Motioun gouf mat de Stëmme vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent.

https://piraten.lu/elengerzeiend-elteren-endlech-entlaaschten/

D’Piraten haten eng Propose an der Chamber gemaach, fir dass een an Zukunft ka säi Loyer vu senge Steieren ofsetzen. Dës Propose gouf awer vun den anere Parteien an der Chamber ofgeleent. https://piraten.lu/de-loyer-vun-der-akommessteier-ofsetzen/ 


D’Zënsen op d’Prête klammen am Moment immens schnell. Heirënner leiden net nëmmen déi déi elo kafe wëllen, mee och déi déi scho kaaft hunn. Vill Leit hunn fir den Oktober ee Bréif kritt, dass hir Mensualitéit wäert klammen. Mir Pirate fannen dass de Staat hei muss hëllefen an hunn vun der Regierung gefuerdert: Den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee bei sengem Prêt fir déi Immobilie wou een selwer dra wunnt, dierf ofsetzen.

Dës Motioun ass vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent ginn.

https://piraten.lu/plafongen-vun-den-zensen/

An enger fréierer Fro hunn mir eis zu de Steiererklärunge vu Privatpersounen informéiert. Et ass awer och intressant ze wëssen, wou d’Steierverwaltung drun ass, wat d’Entreprisen ugeet. https://piraten.lu/schold-steierverwaltung-entreprisen/

Innepolitik a Gemengen

https://piraten.lu/elektresch-brancarden-tragbahren/

D’Leit vum CGDIS sinn oft op Brancarden (Tragbahren) ugewisen. Si mussen d’Leit op d’Brancard hiewen an dës dann an hiert Gefier lueden. Et gëtt mëttlerweil awer och elektresch Alternativen, respektiv elektresch Hëllefen, déi de Brancard elektresch an d’Ambulanz eranzitt an och erëm raus op d’Rieder stellt. Mir wollte wëssen, wou dës Hëllefen schonns zum Asaz kommen an ob Beméihunge gemaach ginn, fir déi al Brancarden z’ersetzen.

https://piraten.lu/dekippen-beim-112-an-113-nofro/

Beim Thema Zefriddenheet beim CGDIS hate mer an der Vergangenheet schonns e puer Froen un d’Ministesch an déi Responsabel gestallt. D’Situatioun schéngt sech, eisen Informatiounen no, awer nach net verbessert ze hunn. Dofir hu mer eng weider Fro gestallt, fir ze wëssen, wéi d’Wuehlbefanne vun de Matmaarbechter a Fräiwëlleger beim CGDIS ausgesäit.

https://piraten.lu/retour-bei-de-cgdis/

Beim CGDIS gi Fräiwëlleger gesicht. Och ass et net onüblech, dass eng Persoun wéinst perséinleche Grënn eng Paus muss aleeën an awer spéiderhin erëm wëll aktiv ginn. Mir wëlle wëssen, wéi vill Leit an dësem Fall waren.

https://piraten.lu/falsch-ugaben-beim-wunnsetz-vun-gemengepolitiker/

Zu gudder Lescht hu mer och een Artikel vum Wort opgegraff, laut deem Gemengeconseilleren zu Réimech falsch ugemellt waren. Mir wollten heizou méi Informatiounen vun der Ministesch

Landesentwécklung & Infrastruktur

https://piraten.lu/foussgangerluuchten/

Verschidde Foussgängerluuchten bleiwen nëmmen e puer Sekonne fir Foussgänger gréng. Wa normal Foussgänger schonn net iwwert d’Strooss kommen, ass d’SItuatioun fir Leit mat enger kierperlecher Beanträchtegung nach méi schwéier. Mir wëlle vum Minister wëssen, ob Reegele bestinn, déi hei op mannst eng Mindestdauer fir Foussgänger virgesäit baséierend op der Breed vun der Strooss.

Landwirtschaft

https://piraten.lu/kennzechnung-vum-fleesch/

Lëtzebuerger Fleesch ass bekannt fir seng gutt Qualitéit a fir gutt Haltungskonditiounen. D’Regierung wëll d’Konsumenten zum Kaf vu lëtzebuerger Produiten animéieren. An der fräier Vente, zum Beispill beim Metzler, erkennt de Konsument awer dacks net, wou d’Fleesch hir kennt an aus wat vir engen Haltungskonditiounen d’Fleesch kënnt, sou kéint et sech zum Beispill ëm bëllegt a qualitativ schlecht Fleesch aus auslännescher Massendéierenhaltung handelen.

Logement

https://piraten.lu/kontrollen-notaire-immobilien/

Duerch een Akt beim Notaire geet eng Immobilie vun enger Hand an déi nächst. Den Notaire këmmert sech beim Verkaf ëm d’Rechtméissegkeet vun enger Vente a setzt d’Pabeieren op. Am Fall wou eng Immobilie wäit ënnert Maartpräis soll de Besëtzer wiesselen, wat fir Prozedure mussen d’Notairen anhalen, fir ze kontrolléieren, dass dee Moment kee Bedruch virläit?

Mobilitéit

https://piraten.lu/verbrenner-2022/

Aktuell besteet de Fuerpark mat ronn 450.000 Autoen hei am Land nach ëmmer aus Autoe mat Verbrennungsmotoren an ee Groussdeel un Neiumellunge sinn nach ëmmer Autoen, déi fossil Energië verbrennen. Trotz engem méi héijen Undeel un E-Autoen sinn nach ëmmer d’Verbrenner an der -Majoritéit an d’Unzuel hëllt zou.

https://piraten.lu/luetstatiounen-staat/

Fir d’Elektromobilitéit ze fërderen, gi Luetstatioune gebraucht. Aus fréiere QPen goufe mer gewuer, dass de Staat a ville Beräicher bei der Energiewenn net mam gudde Beispill virgeet (Solaranlagen op den Diecher, Gasheizungen a Gebaier, etc.). Mir wëllen dofir wëssen, wou de Staat mat de Luetstatiounen fir Elektroautoen bei senge Gebaier drun ass.

https://piraten.lu/transparenz-am-dossier-tram/

Den Tram soll jo an Zukunft ee weideren Tracé laanscht de Stadpark kréien. Mir wollte wëssen, wéi genee dësen Tracé soll ausgesinn.

https://piraten.lu/emgang-mat-katar/

Qatar Airways huet um Findel méi Fräiheete wéi déi meeschten auslännesch Fluchgesellschaften. Duerch eng Level 5 Loftfräiheet kënnen si Departe vum Findel aus maachen, déi an Drëttstaaten ginn amplaz nëmmen an de Qatar ze fléien. Katar selwer ass net dofir bekannt, fir d’Mënscherechter an d’Ëmwelt grouss ze respektéieren. Dofir froe mer eis, ob d’Regierung weiderhinn bei Qatar Airways wäert nokucken oder eppes ënnerhuelen?

Natur, Ëmwelt a Klima

https://piraten.lu/wand-off/

Zu Garnich stinn zwee nei Wandrieder, déi zesummen ronn 16 Gigawattstonne Stroum pro Joer fir de Wandpark Garnich hirstellen. Awunner hu mer zougedroen, dass déi 2 Wandrieder reegelméisseg owes vun 18h00 bis 21h00 net méi dréinen. Dat leit awer net dorunner, dass kee Wand bléist: e puer Kilometer weider zu Stierpenech an der Belsch dréihnen d’Rieder während där Zäit normal weider. Leit et um Réseau? Oder ginn et aner Grënn dofir? Mir hunn nogefrot.

https://piraten.lu/klimateam/

Zur Zäit gëtt d’Biergerpartizipatioun op Landes- a Gemengenebene getest, dëst mat Gremien wéi dem Klimabiergerrot oder Luxembourg in transition. Donieft ginn et um kommunale Niveau och d’KlimateamsAss d’Klimateam Scheindemokratie oder wierklehc Basisdemokratie ? 

https://piraten.lu/solar-sbuventiounen/

Persounen, déi Photovoltaikanlagen (PV) op hiert Haus installéieren, kënnen zënter enger Rei Joren eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen. Aktuell sinn dës Subventiounen ënnert dem Regime “Klimabonus” bekannt a ginn ausbezuelt, nodeems d’PVen installéiert goufen. Wéi eis virleit, dauert et awer e bëssen, bis dës Hëllefen ausbezuelt.

https://www.chd.lu/fr/seance/2796?sequenceId=144342

An der Chamber gouf et dann och nach eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Dréchenten an déi héich Temperaturen am Summer. 

https://www.chd.lu/fr/seance/2797?sequenceId=144477

D’Piraten hunn dann och d’Propose vum Klimabiergerrot analyséiert an zu verschiddenen Iddie Stellung bezunn.

Santé

Am Beräich vun der Santé ware mir dëse Mount ganz aktiv. Mir hunn eng Question zu den aktuelle Covid-Zuelen an den Alters-a Fleegeheemer gestallt. https://piraten.lu/covid-19-an-altersheemer-oktober-2022/

Aktuell sollen an den Apdikten eng ganz Rei u Medikamenter feelen. Mir hunn eng Question dozou gestallt, ob dëst tatsächlech de Fall ass an em wat fir Medikamenter et geet. https://piraten.lu/feelen-medikamenter-an-den-apdikten-nofro/

Dann wollte mir wëssen, op homeopathesch Mëttel, deenen hir Wierkung ëmstridden ass, aktuell vun der Krankekees iwwerholl ginn a wou dës homeopathesch Mëttel dierfe verkaaft ginn. https://piraten.lu/homeopathesch-mettel/

Och d’IRM-Apparater um Potaschbierg waren am Mount Oktober rëm Thema. Eis gouf zougedroen, dass d’Bildqualitéit vun dësen Apparat mannerwäerteg soll sinn a mir hunn dowéinst eng Question zur Bildqualitéit vun den Apparater gestallt. https://piraten.lu/irm-um-potaaschbierg/

De Contrôle médicale war am Mount Oktober vill an de Medien. Mir hunn an dem Kader eng gréisser Question parlementaire zu eventuelle Mëssstänn beim Contrôle médicale gestallt. https://piraten.lu/controle-medical/

Zudeem gouf op der däitscher Télé iwwert e Fleeschskandal beim Lidl bericht. Mir wollten an enger Question wëssen, ob dëst Fleesch och bei eis an de Butteker verkaaft ginn ass an nach ëmmer verkaaft gëtt. https://piraten.lu/fleeschskandal-bei-lidl/

Wirtschaft

De Mëttelstandsministère proposéiert säit 2014 d’Programmer fir kleng a mëttelstänneg Entreprisen (SME). Dëst fir d’éischt duerch 4 Fit for Performance Programmer. Dës sollen elo no engem Accord vum 29ten September tëscht dem Ministère, der Chambre de commerce an der Chambre des métiers weider ausgebaut ginn. Mee geet den Appel aux candidatures nach eng weider Kéier op? https://piraten.lu/sme-packages/

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat