M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also, dat ass eng ganz interessant Motioun, virun
allem, well gefillt elo schonn éiweg, sief et an der Press
oder heibannen, driwwer diskutéiert gëtt. Ech verstinn,
dass d’Leit dobaussen ëmmer méi – kommt, mir soen
et op gutt Lëtzebuergesch – rose ginn. Well dat doten
ass jo einfach déi ganzen Zäit just e Pingpong hin an
hier, wou d’Regierung iergendwellech Excusen – ech
hunn Iech och op der Antenn nogelauschtert bei RTL –
sicht, firwat deen IRM do net ka benotzt ginn.
Jo, Här Di Bartolomeo, Dir hutt vläicht Recht, dass do
verschidde Saachen net gekläert ginn. Mee Dir als
Regierung … De Koalitiounsaccord, a mir hunn e matgestëmmt, dat war viru véier Joer.
(Interruption)
Als Regierungspartei mat …
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Chamber!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir hutt awer d’Santéskommissioun. Déi hätt Der och scho laang kënnen
uleieren.
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)
Mir hunn dat jo mat …
M. Fernand Etgen, Président | Den Här Goergen
huet d’Wuert.
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir kënnt Iech opreegen, Här Di Bartolomeo, mee …
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Ma ech reege
mech dach net ëmmer op!
Une voix | Ey!
(Interruptions et hilarité)
M. Fernand Etgen, Président | Wannechgelift!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir hätt et scho laang
kënne maachen. Da bräicht Der nämlech hei déi Froen
net ze stellen, well heibannen ass warscheinlech keen,
deen Iech eng Äntwert ka ginn op alleguerten Är Froe
ronderëm déi Struktur, déi um Potaschbierg ass. Ben,
ech hu mam Potaschbierg … Ech weess emol net, wou
et ass! Also, ganz éierlech, …
Une voix | A!
(Brouhaha et hilarité)
M. Marc Goergen (Piraten) | … ech weess just, dass
den Osten déi …
(Interruptions)
Jo, gesitt Der emol! Et gëtt ganz neutral Leit hei.
(Brouhaha général et coups de cloche de la présidence)
Et gëtt ganz neutral Leit hei! Den Oste brauch dat an
do brauche mer och net laang eng Etüd ze maachen.
Ech mengen, wann ee mat de Leit schwätzt … Aner
Leit mussen owes … Et ass déi leschte Kéier eng Fra
bei mech komm. Owes um 11.00 Auer kréien déi nach
Rendez-vouse fir an den IRM. Also, wannechgelift, dat
ka jo net sinn! Dat heescht deementspriechend: Den
Oste brauch eng …
M. Dan Kersch (LSAP) | Kënnt Der eis emol soen, wéi
wäit dass een a Frankräich muss fuere respektiv an
Däitschland muss fueren, fir en IRM ze kréien?
(Brouhaha)
M. Marc Goergen (Piraten) | Här Kersch …
(Brouhaha)
M. Dan Kersch (LSAP) | Kënnt Der eis emol eng Kéier
soen, wéi wäit dass déi Leit musse fueren, fir iwwerhaapt een ze kréien?
M. Marc Goergen (Piraten) | Här Kersch …
(Brouhaha général et coups de cloche de la présidence)
M. Dan Kersch (LSAP) | Maacht Iech dach net lächerlech!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir wësst, wéi oppen
ech a meng Partei sinn, och mat de Frontalieren. A
mir wäerten eis net op déi Diskussioun aloossen, déi
virdrun hei ugefouert ginn ass iwwert d’Frontalieren,
well dat ass eng ganz aner. Ech fannen, déi Diskussioun ass och e bësse penibel. Et deet mer leed!
M. Sven Clement (Piraten) | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Wat virdrun hei ugefouert ginn ass mat de Leit, mat de Frontalieren, deenen
Der alleguerte Merci gesot hutt wärend der Kris, dass
se heihinnerkommen. An elo sot Der op eemol – wéi
hutt Der gesot? – „Cityhopping“. Ech weess net wat
nach alles! Mir si frou fir jiddereen, …
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.